Invité vun der Redaktioun (11. Abrëll)Christian Kmiotek: "Naturschutz ass Mënscheschutz"

Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie war de Christian Kmiotek, de Co-President vun Déi Gréng.

Invité vun der Redaktioun: Christian Kmiotek (11.04.2018)
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie war de Christian Kmiotek, de Co-President vun Déi Gréng.

"Wann de Claude Lamberty sech vun Zënsen an Dividenden ernäert, dann ass dat ok, de Gros vun der Mënschheet ernäert sech vun der Déieren- a Planzewelt an déi wëlle mer schützen. Naturschutz ass Mënscheschutz."

Dat sot de Co-President vun déi Gréng, Christian Kmiotek, e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. Hie reagéiert domadder op d'Aussoe vum DP-Generalsekretär, datt déi Gréng, ënnert anerem, Fliedermais virun de Mënsch géife stellen. 

D'Lëschte sinn eraus, d'Programmer gi geschriwwen. D'Leit géifen nervös ginn. Esou huet den Invité vun der Reaktioun, dës Streidereien erkläert. Se géifen d'Aarbecht vun der Regierung awer net stéieren.

An awer ginn et reell Differenzen. Zum Beispill, stéiert sech de Grénge Politiker um Spacemining-Programm. "Ons Welt ass endlech, et soll ee fir d'éischt seng Problemer hei léisen, ier een an de Weltraum geet.

Doduercher datt déi Gréng 5 Joer an der Regierung souzen, ass eng CSV-Gréng- Koalitioun eng weider Optioun ginn.

Ma, et wier een oppe fir all Optiounen. Et géif ee mat sengem Programm an d'Wale goen, prett fir Kompromësser,  ouni Tabuen. Sou nach de Christian Kmiotek vun déi Gréng.

Invité vun der Redaktioun: Christian Kmiotek

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.