Invité vun der Redaktioun (4. Mee)Romain Kraemer

Invité vun der Redaktioun war um Freideg de Moien de Romain Kraemer vun der APEMH. D'Associatioun hëlleft zanter 50 Joer Leit mat mentalem Handicap.

Invité vun der Redaktioun: Romain Kraemer (04.05.2018)
Invité vun der Redaktioun war um Freideg de Moien de Romain Kraemer vun der APEMH. D'Associatioun hëlleft zanter 50 Joer Leit mat mentalem Handicap.

Zënter 50 Joer hëlleft d'APEMH Leit mat mentalem Handicap. D'Elteren-Associatioun bitt de Concernéierten eng Aarbecht, si sollen eng Méiglechkeet hu fir ze wunnen a sech wuel ze fillen, esou de Romain Kraemer vun der APEMH um Freidg de Moien am RTL-Interview.

D'Approche an der Gesellschaft huet am Laf vun de Joerzéngte geännert, de psychiatreschen Asyl wier scho laang net méi d'Haaptléisung.

398 Mënschen hunn an den Ateliers protégés eng Aarbecht.

D'Benevolat wier ganz wichteg, ma et feelt u Leit, dofir ass et den Appel u jonk concernéiert Eltere fir mat ze hëllefen.

All Informatioun fënnt een och op apemh.lu

04/05/2018 Invité vun der Redaktioun: Romain Kraemer



En Donneschdeg huet d'APEMH hire 50. Gebuertsdag a Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel gefeiert.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Feier vum René Scho 

FOTOGALERIE: 50 Joer APEMH, Andréck vun der Feier vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.