Invité vun der Redaktioun (13. Juni)Paul Schroeder iwwert d'Rettungsdéngschter bei Iwwerschwemmungen

Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie war den Direkter vun der Verwaltung vun de Rettungsdéngschter.

Invité vun der Redaktioun: Paul Schroeder (13.06.2018)
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie war den Direkter vun der Verwaltung vun de Rettungsdéngschter.

D'Aarbecht vun der Krise-Cellule, vun de Rettungsequippen ass zanter gëschter ofgeschloss, elo mussen um Terrain aner Ministèren a Verwaltungen de Relais huele fir de Leit ze hëllefen, seet de Paul Schroeder, Direkter vun der Verwaltung vun de Rettungsdéngschter. Hie war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun fir iwwer d'Iwwerschwemmungen déi lescht Deeg ze schwätzen.

Hien ass zanter iwwer 30 Joer um Terrain am Asaz. Eppes Vergläichbares huet hie just virun zwee Joer am Ärenzdall erlieft. Elo hätt ee leider duerch déi Evenementer eng gewëssen Erfarung kritt. Dat hei wär elo d'Generalprouf gewiescht fir de CGDIS, dee vum 1. Juli u gëllt, mat enger neier Chaîne de commandements. D'Leit hätten elo schonn no der Chaîne geschafft an dat hätt gutt um Terrain geklappt, sou de Paul Schroeder. Och Equippen aus dem Süden oder Norden hunn zum Beispill am Mëllerdall gehollef.

Et war dës Kéier de ville Reen, dee fir d'Iwwerschwemmunge gesuergt huet. Eenzel Reen-Zellen, déi op enger Plaz erof gaange sinn. Uewerflächewaasser, mat deem d'Leit geplot waren. Dat ass e relativ neie Phänomen, op dee mer eis awer wahrscheinlech mussen astellen, fäert de Paul Schroeder.

Invité vun der Redaktioun: Paul Schroeder

No de schlëmmen Iwwerschwemmungen am Mëllerdall beméien sech Campingsbedreiwer an Hoteliere positiv ze denken – wat net einfach wier - fir hir Touristesaison ze retten. De Nico Graf huet sech ënner hinnen ëmgehéiert a gefrot, wéi d' Saison da wuel gëtt:

Wéi gëtt d'Saison am Mëllerdall? De Nico Graf huet nogefrot.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.