Invité vun der Redaktioun (11. Juli) - Jo KoxNächst Regierung kënnt net laanscht Kulturentwécklungsplang

Wéi gesäit d'Kultur vu muer aus? De Jo Kox war e Mëttwoch de Moie kuerz no 8 Auer eisen Invité am Studio.

Invité vun der Redaktioun: Jo Kox (11.07.2018)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Op 190 Säiten definéiert den neie Kulturentwécklungsplang a wéi eng Richtung, datt et mat der Kultur zu Lëtzebuerg soll goen.

Ech si ganz zefridde mat deem, wat um Dësch läit, seet de Coordinateur général Jo Kox. Hie war e Mëttwoch de Moien den Invité vun der Redaktioun. Et wier virun allem wichteg, datt et iwwerhaapt elo mol sou en Dokument gëtt.

No der Presentatioun gouf et aus der Zeen vill Luef, awer och Kritik: Et wier eng Bestandsopnam a konkret Léisunge wiere keng ze fannen. Datt d'Dokument just e knappen Dag virun de Kultur-Assisen accessibel war, wier vill Leit net duergaangen, dees wier hie sech bewosst, ma et gëtt et en einfache Grond firwat dat sou war, esou de Jo Kox

De Jo Kox



Jidderee versteet eppes anescht ënnert engem Kulturentwécklungsplang, wat d'Dokument méi zerrass gëtt,. wat et méi eng Wichtegkeet kritt.

De Jo Kox war frou, datt op den Assisen oppen iwwer Geld geschwat gouf. Vill Kulturschaffender kommen net iwwer d'Ronnen. Nach ka jo nogebessert ginn. An de leschten Deeg si schonn eng Dose Kritiken erakomm, et gouf do zum Beispill no Präzisioune gefrot, ma et goufen awer och Propose fir konkret Mesuren.

Den Zäitpunkt elo virun de Wale fënnt de Jo Kox net schlecht. Lo wier en Dokument do wou eng nächst Regierung net derlaanscht kéim.

Invité vun der Redaktioun: Jo Kox



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.