Invité vun der Redaktioun (11. September) - Yves NosbuschDuerch Steierung vu Budgetsdepensen, kéint ee Wuesstem beaflossen

En Dënschdeg war de President vum CNFP, Yves Nosbusch eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Yves Nosbusch (11.09.2018)
En Dënschdeg war de President vum CNFP eisen Invité am Studio.

D’Finanzplaz ass nach ëmmer dat wichtegst Standbeen vun der Lëtzebuerger Ekonomie. Direkt ass se fir e gudde Véierel vum PIB responsabel an dobäi kommen nach indirekt Aktivitéite wéi d’Consulting Firmen, sou den Yves Nosbusch um Dënschdeg de Moien hei op RTL.

Am Zesummenhang mam Wuesstemsdebat huet de Chefeconomist vu BGL BNP Paribas a President vum Conseil National des Finances erklärt, datt wéinst den internationale Reegelen, déi no der Finanzkris vun 2009 agefouert goufen, d’Banken an d’Betriber och ëmmer méi Personal mussen astellen, ouni datt dëst onbedéngt neie PIB schaaft.

Den Yves Nosbusch

Den Yves Nosbusch, Banquier a President vum Conseil national des finances publiques huet des weidere gemengt, datt duerch d’Steierung vun de Budgetsdepensen, de Staat wuel de Wuesstem kéint beaflossen.

Invité vun der Redaktioun: Yves Nosbusch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.