Invité vun der Redaktioun (6. November) - Carole MullerDe Mëttelstand vun de Betriber gëtt dacks vernoléissegt

En Dënschdeg war d'Presidentin vun der Fédération des jeunes dirigeants d'entreprise zu Lëtzebuerg eis Invitée vun der Redaktioun.

Invitée vun der Redaktioun: Carole Muller (06.11.2018)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Fir d’Lëtzebuerger Betriber ass et wichteg kompetitiv ze bleiwen, dofir muss ee virsiichteg si mat Iddie wéi enger Hausse vum Mindestloun oder enger 38-Stonnen-Woch. Dat sot d’Carole Muller en Dënschdeg de Moien bei eis op der Antenn. Déi nei Presidentin vun der Fédération des jeunes dirigeants d'entreprise war eis Invitée vun der Redaktioun.

Als Challenge un d’Politik fir déi nächst Zäit, huet Si de Mëttelstand vun de Betriber ernimmt, deen dacks vernoléissegt géif ginn. Et wier wichteg, dass d’Politik op hir Besoine géif agoen.

D’Carole Muller erwaart sech dann och zum Beispill vun enger neier Regierung, dass méi op den Entreprenariat gesat gëtt, an dat scho vu fréiem Alter un. An de Schoule misst een de Jonke scho konkret erklären, wat et heescht sech selbstänneg ze maachen an hinnen d’Angscht virun enger Faillitte ze huelen.

Als nei Presidentin vun der FDJ huet Si sech d’Digitalisatioun grouss op de Fändel geschriwwen. Dat wier fir d’Zukunft DÉI grouss Erausfuerderung. Leider géif den Accès op den Internet vu ville Betriber, awer och Administratiounen nach net voll genotzt ginn. Well et awer kloer wier, dass sech eis Welt ëmmer méi an déi Richtung géif entwéckelen, missten d’Betriber och mat op dee Wee goen.

Klassesch Handwierksbetriber jugéiert d’Carole Muller als déi, déi vläicht am meeschte Problemer hätte mat op dee Wee ze goen.

Invitée vun der Redaktioun: Carole Muller



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.