Invité vun der Redaktioun (7. November) - Christian OberléMéiglechen Defizit vun 10 Millioune mécht CNS keng Suergen

E Mëttwoch war de Christian Oberlé, neie President vun der CNS, eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Christian Oberlé (07.11.2018)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

En Defizit vun 10 Millioune par Rapport zu de Reserven ass u sech keng Suerg – d’Suerg ass d’Fro, wéi dat Ganzt sech an de nächste Joren entwéckelt. Dat sot de Christian Oberlé e Mëttwoch de Moien bei eis op der Antenn. Den neie President vun der Gesondheetskeess war eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Reserve léichen den Ament bei ronn 855 Milliounen Eruo an den Defizit wier bis ewell jo just eng Projektioun. E groussen Deel dovu wier un d'Assuréeë gaangen, ma awer och un d’Spideeler. Et wier wichteg och an Zukunft den héijen Niveau vu Prestatiounen halen ze kënnen. Dofir wier et kruzial, dass een den CNS-System laangfristeg och gesond kann halen.

De Christian Oberlé weist sech an deem Sënn och oppen fir nei Iddien, déi eng nei Regierung an nächster Zäit géif abréngen.

Wat de Sträitpunkt tëscht den Dokteren an der CNS ugeet, hofft de President vun der Gesondheetskeess, dass dësen séier kéint geléist ginn. Et wier net méiglech eng nei Nomenclature ze decidéieren, wann d’Dokteren sech queesch stellen.

Den ëmstriddene Punkt vum Tiers payant ass fir de Christian Oberlé iwwerdeems e politesche Sujet. Et géif an deem Beräich nämlech och nach aner Méiglechkeeten ginn, fir d’Liewen vum Assurée beim Remboursement ze vereinfachen.

Invité vun der Redaktioun: Christian Oberlé



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.