Invité vun der Redaktioun (8. November) - Isabelle SchlesserDe gréissten Defi fir eis Aarbechtswelt sinn d'Kompetenzen

En Donneschdeg de Moie hu mir mat der Direktesch ënnert anerem iwwer de Chômagetaux geschwat.

Invité vun der Redaktioun: Isabelle Schlesser (08.11.2018)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Situatioun vum Emploi ass positiv, mir hunn en dynameschen Aarbechtsmarché, dat sot d'Directrice vun der Adem Isabelle Schlesser en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. 14.500 Leit si bei der Agence fir Aarbecht ageschriwwen. De Chômagetaux läit bei 5,4%. De Chômage geet bei alle Kategorien erof, virun allem bei deene Jonken. Laangzäitchômeuren hunn et par Konter nach ëmmer schwéier.

Den allergréissten Defi ass fir d'Isabelle Schlesser dee vun de Kompetenzen. Et géif en enormt Lach ginn, tëscht deem wat d’Betriber brauchen a sichen an de Kompetenzen, déi d’Leit matbréngen, fir eng Aarbecht ze kréien. Dat eent wiere sécher d’Diplomer déi feelen, dat anert awer och reng d’Kompetenzen.

Et géif ee gesinn, dass d'Aarbechtswelt immens séier dréint, Stéchwuert Digitalisatioun, an dofir misst ee sech och permanent adaptéieren. Vill Leit géife sech dobäi awer ganz schwéier dinn. Den eenzege Wee, fir sech do unzepassen, kéint just iwwert de Wee vu Formatiounen an haaptsächlech der Formation continue geschéien.

D’Politik misst dofir natierlech e nach bessere Kader schafen, seet d’Isabelle Schlesser, déi och vun de Verhandlungsdelegatiounen fir eng nei Regierung an d’Koalitiounsverhandlungen invitéiert gi war.

Jidderee misst awer och verstoen, dass Formation continue deen eenzege Wee wier, fir hei eng Léisung ze fannen. Dofir wiere kloer d’Leit selwer, an och d’Betriber gefuerdert.

D'Handwierk dreet dermat, fir d'Léier net méi ze begleeden. Fir verschidde Beräicher kéint dat vläicht klappen, mengt d'Isabelle Schlesser, d'Situatioun géing sou awer sécher eng ganz aner ginn.

Invité vun der Redaktioun: Isabelle Schlesser



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.