Invité vun der Redaktioun (9. November) - Nico HoffmannULC fuerdert vun de Banke méi Service um Client

E Freideg de Moie war den Nico Hoffmann, President vum Konsumenteschutz, eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Nico Hoffmann (09.11.2018)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8.10 Auer am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

„Ma merde alors, ass dat net dat Normaalst vun der Welt...“ Esou huet den Nico Hoffmann e Freideg de Moien e rezente Flyer kommentéiert, deen un d’Stéit gaang ass, wou eng staatlech Bank matgedeelt huet, dass vum 1. Januar un hir Fraise ganz transparent géifen opgestallt ginn.

De President vum Konsumenteschutz, deen eisen Invité vun der Redaktioun war, kritiséiert, dass hei d’Clienten géife fir domm verkaf ginn, well u sech just Receptiven vu Bréissel ëmgesat ginn.

Generell géif ee mierken, dass d’Bank-Fraisen den ULC-Membere weiderhin ferme um Mo leien. Et géif kaum en Dag vergoen, wou een net Reklamatiounen an deem Dossier géif kréien.

De Nico Hoffmann huet och kee Verstees-de-Mech, dass ëmmer méi Banken manner Guicheten hunn.

Och wann zwar hautdesdaags vill Transaktioune via Web-Banking géife gemaach ginn, sou wier e Guichet nach ëmmer fir vill Leit ganz wichteg an och en néidege Service um Client.

 D'ULC fuerdert vun der neier Regierung och d’Aféiere vun engem eegestännege Konsumenteschutz-Ministère.

Invité vun der Redaktioun: Nico Hoffmann



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.