Invité vun der Redaktioun (12. November) - Guy HeintzJidderee pauschal a Steierklass 2, ass net richteg an net machbar

Et goung mir drëm, Iwwerleeungen a Pisten a punkto Steieren opzezeechnen, seet de Guy Heintz, Éierendirekter vun der Steierverwaltung.

Invité vun der Redaktioun: Guy Heintz (12.11.2018)
Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg war de Guy Heintz, Éierendirekter vun der Steierverwaltung.

Hien huet rezent e Lieserbréif geschriwwen, ass op d'Haaptthemen agaangen an huet verschidde Facette beliicht. U sech wier eise System vun der Struktur hir gutt, esou de Guy Heintz. D'Haaptthema am Lieserbréif ass déi individuell Besteierung, déi jo am Raum steet.

Den Haaptproblem vun dëser wier deen, datt et, wa se vun haut op muer kéim, dann hätte verschidde Stéit méi ze bezuelen, wann et kee Korrektiounsmechanismus gëtt.


De rezente Lieserbréif vum Guy Heintz mam Titel: Überlegungen zu den Steuerklassen und der individuellen Besteuerung. 

Eng aner Iddi wier déi, fir e Stéchdatum ze nennen, zum Beispill 2020, datt eben d'Leit vun do un obligatoresch individuell besteiert géinge ginn. Do misst dann awer e Korrektiounsmechanismus spillen, esou den Invité vun der Redaktioun vum Méindeg.

Fir pauschal ze soen, jidderee gëtt individuell besteiert a jidderee kënnt an d'Steierklass 2, dat wier net richteg. Ënner anerem wier dat finanziell net ze verkraaften, sou nach de Guy Heintz.

Invité vun der Redaktioun: Guy Heintz



Jidderee pauschal a Steierklass2, net richteg an net machbar (12.11.2018)
Et goung mir drëm, Iwwerleeungen a Pisten a punkto Steieren opzezeechnen, seet de Guy Heintz, Éierendirekter vun der Steierverwaltung.


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.