Invité vun der Redaktioun (14. November) - François BauschBereet de Ressort Mobilitéit ze behalen, wann e gefrot gëtt

E Mëttwoch de Moie war de Politiker vun déi Gréng an aktuelle Infrastrukturminister François Bausch eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: François Bausch (14.11.2018)
E Mëttwoch de Moie war de Politiker vun déi Gréng an aktuelle Infrastrukturminister François Bausch eisen Invité vun der Redaktioun.

Mer huelen séi Saach ganz seriö, a mer schwätzen am Detail iwwert alles fir op e Konsens ze kommen, déi eis eng Richtlinn gëtt, fir e Regierungsprogramm fir Lëtzebuerg ze presentéieren. Dat sot de François Bausch um Mëttwoch de Moien.

Den Nohaltegkeetsminister war um Dag, wou fir d'4. Kéier d'Koalitiouns-Delegatiounen an der Plenière beienee kommen, eisen Invité vun der Redaktioun.

Vill Konkretes wollt hien eis nach net verroden, mä et stéing ee jo net ënner Drock.

D’Atmosphär an den eenzelen Aarbechtsgruppen, vun deenen der schonn eng Partie ofgeschloss wieren, wier eng gutt, wou konstruktiv, awer och kontrovers diskutéiert gouf a gëtt.

Et wéilt een de ganzen November och notze fir weider an deenen Aarbechtsgruppen ze diskutéieren, wou d’Matière méi komplex ass – beispillsweis bei de Finanzen.

Hie selwer wier awer bereet, sollt en da gefrot ginn, fir weiderhin d’Mobilitéit als Regierungsressort ze behalen. Mä och dat wier alles nach net fix.

Hie kéint verstoen, dass d’Posten natierlech vill géifen interesséieren, sot de François Bausch, mä en zolitte Programm wier natierlech mol méi wichteg. An zwar een, deen d’ganz Gesellschaft géif berécksiichtegen, also och d'Interessien an Uleiesse vun de Leit, déi Blo, Rout, Gréng vläicht net gewielt hunn.

Zwee Leit wieren iwwregens beoptraagt ginn, fir eng Zorte Iwwersiichtspabeier auszeschaffen, wéi d'Visioun vun der Nei-Oplag vun der 3er-Koalitioun wäert ausgesinn. Firwat ee steet, a wéi eng Visioun ee fir Lëtzebuerg hätt. Do géif et nach kee konkreten Text ginn - dësen gëtt wéi gesot den Ament ausgeschafft.

Invité vun der Redaktioun: François Bausch



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.