Invité vun der Redaktioun (30. November) - Luc FriedenCSV - Et muss inhaltlech a personell zu enger Erneierung kommen

E Freideg war de fréieren CSV-Minister Luc Frieden eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Luc Frieden (30.11.2018)
E Freideg war de fréieren CSV-Minister Luc Frieden eisen Invité vun der Redaktioun am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Déi éischt Annoncen klénge ganz sympathesch, mä ech stelle mer d’Fro, wéi dat alles soll bezuelt ginn.

Där Meenung ass de fréieren CSV-Minister Luc Frieden. Hien war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Et misst een natierlech mol d’Regierungserkläerung ofwaarden, mä et misst ee sech bewosst sinn, dass een d’Land och op mi schlecht finanziell Zäiten misst preparéieren.

Gesond Staatsfinanzen wieren extrem wichteg, a mer géifen jo net an engem Zitat : „Schlaraffeland“ liewen, dofir kéint een net just verdeelen, mä och kucken wat ee ka maachen, wann et net sou gutt leeft.

Wat d’CSV an där hiert schlecht Walresultat ugeet, ass de Luc Frieden der Meenung, dass et souwuel inhaltlech, wéi och personell zu enger Erneierung misst kommen. Et misst ee sech als Partei nees mi e kloert Profil ginn.

Wat seng eegen Zukunft ugeet, wier et esou, dass hien den Ament nach um Iwwerleeën ass, wat dat berufflecht ugeet.

Europapolitik, als Deputéierten zu Stroossbuerg, géif de Luc Frieden natierlech reizen, mä nach wier do näischt kloer. Et misst ee sech d’Fro stellen, wou een Europa am beschte kéint mat gestalten, an a wéi enger Positioun een de gréissten Impakt kéint hunn.

Seng Erfarungen aus der Privatwirtschaft, kéinten awer duerchaus eng politesch Plus-value matbréngen, ähnlech wéi dat beim Friedrich Merz den Ament an Däitschland kéint de Fall sinn.

Invité vun der Redaktioun: Luc Frieden



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.