Invité vun der Redaktioun (3. Dezember) - Jimmy SkenderovicNicolas Schmit wäert a Chamber bleiwen, bis en EU-Kommissär gëtt

E Méindeg war de fréiere President vun de jonke Sozialisten, den Jimmy Skenderovic eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Jimmy Skenderovic (03.12.2018)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De fréiere President vun de jonke Sozialisten, Jimmy Skenderovic, geet dovunner aus, datt de Nicolas Schmit wäert an d’Chamber sëtze goen, bis hien EU-Kommissär no den Europawalen am Mee gëtt. Et ginn awer vill méi wichteg Saachen, wéi 10 Joer laang ze decidéieren, wat den Nicolas Schmit wäert maachen, "deen ech respektéieren an deen e kompetente Mann ass“. Dat sot den Jimmy Skenderovic e Méindeg de Moien hei op RTL. De fréiere President vun de jonke Sozialisten huet bedauert, wéi d’Diskussiounen ëm d’Personalien bei der LSAP verlaf sinn.

Wat den Inhalt vum Koalitiounsaccord tëscht DP, LSAP an déi Gréng ugeet, do wieren duerchaus positiv Saachen dran. Op der anerer Säit wieren 2 Deeg Congé méi net dat, wat d‘LSAP gefuerdert huet an et géing u Propose feelen, fir d’Transparenz an d’Biergerbedeelegung ze stäerken. De fréiere President vun de jonke Sozialisten konnt iwwerdeems net soen, ob hie fir oder géint de Koalitiounsaccord wäert stëmmen: den integralen Text géingen se eréischt e Méindeg den Owend kréien.

Iwwerrascht war de fréiere President vun de jonke Sozialisten iwwer déi kollektiv Demissioun vum Comité vun de Jongsozialisten aus dem Bezierk Osten. Nodeems decidéiert gouf, datt Tess Burton net an d’Regierung géif kommen. Den Jimmy Skenderovic war eisen Invité vun der Redaktioun.

Hie géif déi Entscheedung bedaueren, kéint d'Roserei vun deene jonke Sozialisten awer zum Deel gutt verstoen. De Jimmy Skenderovic sot, dass ee Quereinsteiger enger Regierung kéint gutt doen an och eng Chance sinn. Et wier net esou, dass sech grouss Egoe missten duerchsetzen. Dat hei wier awer eng speziell Situatioun, zemools wann intern an ëffentlech eng Debatt gefouert gëtt, dass Fraen a virun allem jonk Frae sollten ënnerstëtzt ginn an déi Geleeënheet net genotzt gëtt.

De Jimmy Skenderovic hofft, dass eng Léisung fonnt gëtt a mat de Leit vun der Partei diskutéiert gëtt.

Wat seng Erwaardunge vum Kongress en Dënschdeg uginn, misst fir d'éischt iwwert de Programm diskutéiert ginn, esou den Invité vun der Redaktioun. Fir d'éischt misst gekuckt ginn, wat am Accord steet an dann eréischt géifen Decisioune geholl ginn iwwer déi eenzel Käpp. Hie wéisst zu dësem Zäitpunkt nach net, ob hien dofir oder dogéint stëmmt.

Bis en Dënschdeg den Owend misst Dokument elo analyséiert ginn. Hien hätt sech méi Zäit fir den Exercice gewënscht.

Invité vun der Redaktioun: Jimmy Skenderovic



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.