Invité vun der Redaktioun (7. Dezember)Pierre Gramegna: De Koalitiounsprogramm ass machbar

E Freideg war den DP-Finanzminister Pierre Gramegna eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Pierre Gramegna (07.12.2018)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Wann et dem Land gutt geet, da kann een och en ambitiéise Programm maachen an de Koalitiounsprogramm ass machbar, sot den DP-Finanzminister Pierre Gramegna e Freideg de Moien. Hie war den Invité vun der Redaktioun.

Wat kascht de Koalitiounsaccord? Wéi e Wirtschaftswuesstem setzt de Programm viraus? Op konkret Froe gouf et e Freideg de Moie manner präzis Äntwerten. Den Ament géif ee mat engem Wuesstem vun 3% rechnen. D'Finanze gesi gutt aus. Dréint et méi lues, kéint een d'Investitioune och staffelen, op d'Zäit strecken. All Joer géifen zwou Milliarden investéiert ginn. De Pierre Gramegna wëll als Finanzminister zu all Moment derfir suergen, datt een an der Spuer bleift.

Prioritéiten, wat am Accord alles wichteg wär, fir ze finanzéieren, wollt de Finanzminister keng nennen. Alles wär wichteg.

Wat d'Hausse um Bensin ugeet, huet de Finanzminister gemengt, datt am Abrëll d'nächst Joer mam Budget 1. Akzenter géife gesat ginn, souwuel um Bensin wéi um Tubak. Nach wär et awer ze fréi, fir genee ze soen, wéi héich déi Hausse wäert sinn. Mä et wär verstänneg. En Donneschdeg hat de Claude Turmes eng Hausse vun 1 bis 3 Cent um Liter an d'Spill bruecht. Et wär an deem Beräich, sot de Pierre Gramegna nach. Et misst een op alle Fall eppes maachen, fir de Verflichtunge vum Paräisser Klimaaccord nozekommen.

Invité vun der Redaktioun: Pierre Gramegna



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.