Invité vun der Redaktioun (11. Dezember)Marc Hansen: "Stage am Ëffentlechen Déngscht gëtt sécher reforméiert"

Invité vun der Redaktioun war en Dënschdeg de Moien den neie Minister fir d'Fonction publique, de liberale Politiker Marc Hansen.

Invité vun der Redaktioun: Marc Hansen (11.12.2018)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Den neie Minister vun der Fonction Publique, de Marc Hansen, wëll net iwwer d'Medien, also och net iwwert de Radio, mat der CGFP schwätzen. Hie wëll an den nächsten Deeg den direkte Kontakt mat der Staatsbeamtegewerkschaft sichen. Dat sot de Marc Hansen um Dënschdeg de Moien am RTL-Interview, hie war no der Conférence des comités vun der CGFP eisen Invité vun der Redaktioun.

Hie wär elo, mam Weekend agerechent, eréischt 4 Deeg am Amt, hie wéilt sech richteg eraschaffen, d'Dossieren anstänneg kenneléieren.

Fir elo schonn an der Ëffentlechkeet op spezifesche Punkten an den Detail ze goen, wier irresponsabel, huet de Marc Hansen gemengt. Wéi ënnert sengem Virgänger Dan Kersch, wëll hien als zoustännege Minister partnerschaftlech mat der CGFP diskutéieren a verhandelen.

Vu sengem Virgänger geierft, huet den DP-Minister bekanntlech d'Ofschafe vun der 80/80/90-Reegel an d'Reduktioun vum Stage vun dräi op zwee Joer.  D'Changementer solle retroaktiv op den 1. Januar 2019 gräifen. Kënnt den Avenant dann nach virun der Chrëschtvakanz an de Regierungsrot?

Avenant virun der Chrëschtvakanz? - Marc Hansen

D'Regierung géif sech un dat halen, wat ofgemaach gouf. Dat géif och am Regierungsaccord dra stoen.

Den Text wier am Schlusssprint an hie géif alles maache fir d'Changementer sou séier wéi méiglech ëmzesetzen, wéilt sech den Text awer och am Detail erkläre loossen.

Op d'Fuerderung vun der CGFP vun e Méindeg den Owend, datt de Bewäertungssystem beim Staat an dëser Legislatur misst ofgeschaaft ginn, wollt den neie Minister à ce stade net agoen. Och dat wier da Sujet vun direkte Gespréicher mat der Staatsbeamtegewerkschaft.

Den DP-Regierungsmember huet sech en Dënschdeg de Moien och géint d'Bild vun der Oppositioun gewiert hie wier bei de Walen ofgestrooft ginn. Wann een 42% u Stëmme bäileet wier déi Duerstellung dach e bëssche speziell.

Hien hätt mat vill Häerzblutt am Logement geschafft an do géif et och eng ganz Rei Resultater. Do wieren awer schwéier moossbar. Dat ganzt géif e schwieregen Dossier bleiwen, sou de Marc Hansen. Wann aner Defien waarden an der Politik, da géif awer och net Nee soen wann ee gefrot gëtt. Hie wäert säi Bescht maachen a géif ëmmer nei Defien unhuelen, respektiv mat de fuschneie Ressorten, där kréien.

Kritik um Walresultat - Marc Hansen

Hien hätt mat vill Häerzblutt am Logement geschafft an do géif et och eng ganz Rei Resultater. Do wieren awer schwéier moossbar. Dat ganzt géif e schwieregen Dossier bleiwen, sou de Marc Hansen. Wann aner Defie waarden an der Politik, da géif awer och net Nee soe wann ee gefrot gëtt.

Invité vun der Redaktioun: Marc Hansen



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.