Invité vun der Redaktioun (8. Januar) - Paulette LenertMéiglechkeet vu Sammelklo soll kuerzfristeg agefouert ginn

En Dënschdeg de Moie war déi nei Ministesch fir Kooperatioun a Konsumenteschutz eis Invitée vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Paulette Lenert (08.01.2019)
En Dënschdeg de Moie war déi nei Ministesch fir Kooperatioun a Konsumenteschutz eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Méiglechkeet vun enger Sammelklo soll kuerzfristeg hei am Land agefouert ginn. Dat sot déi nei Konsumenteschutz-Ministesch Paulette Lenert um Dënschdeg de Moien. Si war eis Invitée vun der Redaktioun.

Als geschiedegte Client am Diesel-Skandal kéint ee sech z.B. mat anere Cliente fir eng Sammelklo zesummen doen. Hei am Land si Sammelkloe bis ewell net méiglech, de Lëtzebuerger Konsumenteschutz fuerdert et awer schonn zanter Joren.

Hir zwee Ressorten – Konsumenteschutz a Kooperatioun - wären „Häerzensressorten“, huet d'Paulette Lenert gemengt. Mam neien, eegestännege Konsumenteschutz-Ministère soll méi eng kohärent Politik gemaach ginn. Et wär e ganz wichtege Sujet. De Konsumenteschutz misst gestäerkt ginn.

Eng weider Prioritéit, vum Paulette Lenert, ass eng besser Liewensmëttelsécherheet. D'Konsumenteschutzministesch stellt sech do eng administration unique vir, wou all d'Acteuren dra vertruede sinn. D'Prozedure solle méi transparent an openaner ofgestëmmt ginn.

Op d'Diskussiounen an d'Kritik ugeschwat, wat hir Nominatioun als Quereinsteigerin an d'Regierung ugeet, sot si, datt sou Diskussiounen normal a verständlech wären. Et wär fir si sécher eng grouss Iwwerraschung gewiescht, de Ministeschposten wär net geplangt gewiescht.

Si wär och gefrot gi fir mat an d'Walen ze goen. Dat war fir si zu deem Ament awer net kompatibel mat hirer Roll als héije Beamten, sou d'Paulette Lenert am RTL-Interview.

Invité vun der Redaktioun: Paulette Lenert



Nicolas Henckes vun der CLC


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.