Invité vun der Redaktioun (9. Januar)Frank Engel wëll neie President vun der CSV ginn

E Mëttwoch de Moie war den CSV-Europadeputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Frank Engel (09.01.2019)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Frank Engel wëll neie President vun der CSV ginn. Dat huet den CSV-Europadeputéierten e Mëttwoch de Moien als Invité vun der RTL-Redaktioun confirméiert.

Hie wëll dat maachen. „Ech hu Loscht drop“, sot de Frank Engel. Hie wëll sech an den Déngscht vu senger Partei stellen. En ass prett,  fir d'Kar aus dem Dreck ze zéien, well do wär een als CSV. Fir d'zweete Kéier gouf ee jo an d'Oppositioun geschéckt.

An normalen Zäiten hätt hien et wahrscheinlech net wéilte maachen, mä elo géif et Zäit ginn.

Et wär nämlech fir vill Leit erschreckend normal, datt d'CSV net méi regéiert. Et bräicht een awer d'CSV, dat misst een de Leit nees kloer maachen. Et misst ee wichteg Themen ofdecken, zB dat Ökologesch, dat Digitaalt oder imminent ethesch Sujeten.

De Frank Engel fuerdert e Moderniséierungseffort vun der CSV an den Inhalter. D'CSV misst och méi offensiv ginn, seet den Nach-Europadeputéierten. Et misst ee sech net „staatsdroend“ behuelen, wann ee grad kee Staat ze droen hätt. Hie versprécht méi eng haart a resolut Oppositioun.

Wann hie Parteipresident gëtt, kandidéiert de Frank Engel net méi fir d'Europawalen. Hie wéilt sech da quasi ganz an den Déngscht vun der Partei stellen.

Invité vun der Redaktioun: Frank Engel


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.