Invité vun der Redaktioun (11. Januar) - Romain WolffEt soll net zu enger weiderer Spléckung kommen

E Freideg de Moie war de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff (11.01.2019)
E Freideg de Moie war de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Ënnerscheed tëscht den Ufanksgehälter beim Staat an am Privatsecteur wär ze grouss. De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Romain Wolff, léisst déi Ausso net esou do stoen. Hie war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Et soll een déi béid Secteuren net géinteneen ausspillen.

De Romain Wolff huet op eng Kritik vum President vun der Bankevereenegung ABBL vun en Donneschdeg de Moie reagéiert.

Wat soll dat?, huet sech de Romain Wolff gefrot. Dat géif näischt a kengem eppes bréngen. Et soll net zu enger weiderer Spléckung kommen. D'CGFP géif sech derfir asetzen, datt ee méi no zesumme kënnt. D'Banke missten och hir sozial Verantwortung iwwerhuelen. Op de ganz héije Plazen am Privatsecteur géif een och méi verdénge wéi beim Staat.

Op de Sozialkonflikt bei der Spuerkeess ugeschwat, sot de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, datt wa sech do näischt beweegt, da misst een eppes maachen, wat iwwert de Protestpiquet eraus geet. D'CGFP hofft awer nach ëmmer op d'Regierung, datt sech do séier eppes deet.

Net ganz iwwerzeegt ass d'CGFP vum gratis ëffentlechen Transport. Do géif ee sech vill Froe stellen. Et misst mol primär an den Ausbau an an d'Qualitéit investéiert ginn.

An d'Steierreform, déi wier ganz ambitiéis. Et soll jo keen eppes verléieren, ma de Romain Wolff wënscht sech, datt d'Mëttelschicht eppes bäikritt, an datt d'CGFP beim Ausschaffe vun der Reform mat agebonne gëtt.

Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff



Aus dem Bulletin "Salaires, emploi et conditions de travail" vum Statec (mat Donnéeë vun der "Enquête sur la structure des salaires 2014"). Den Tableau 7 weist, datt een an der Moyenne am Finanzsecteur méi verdéngt ewéi an der Administration publique.


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.