Invité vun der Redaktioun (14. Januar) - Pascal ThinnesHaaptzil vum neien Acel-President: Stage-Gesetz duerchkréien

E Méindeg de Moie war den neie President vun der Studentenassociatioun Acel eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Pascal Thinnes (14.01.2019)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Stage-Gesetz duerchkréien, dat ass d'Haaptzil vum neie President vun der Acel Pascel Thinnes, deen e Méindeg de Moie eisen Invité am Gespréich war. Et soll e gesetzleche Kader geschaf gi fir Studenten, déi Stagë maachen: Konventionéierter an net konventionéierter, genee wéi am Ausland. Et wier ganz wichteg, e gesetzleche Kader ze schafe fir déi Stagen, well Etüden a Stagen, dat géing zesumme gehéieren.

De Pascal Thinnes, Exrait 1



Stagë wären eng Win-Win-Situatioun fir béid Säiten, also fir d'Patronen a fir d'Studenten. Wann e potentielle Patron dës um CV gesäit, da wéisst en och, dass de Kandidat schonn e bëssi Erfarung huet. Am soziale Beräich an am Wirtschaftsberäich wär et aktuell ganz schwéier fir u Stagen ze kommen, dofir och den Appell un Patronen aus dem Secteur, fir un d'Studenten ze denken.

En anere Problem: d'Orientatioun, do bleif Sputt no uewen, d'Studente kéinten nach besser informéiert ginn. Et géinge vill Leit ginn, déi no enger Rei Joren hir Studien ofbriechen an et géifen och där ginn, déi net mat deenen Diplomer op den Aarbechtsmarché kommen déi do gefrot ginn.

D'Acel huet natierlech och eng Rei Fuerderungen un déi nei Regierung. Och hei war et nach eemol den Appell vum  Pascal Thinnes fir d'Stage-Gesetz wierklech direkt duerchzebréngen. An dann a punkto Digitaliséierung dierft de Student net vergiess ginn. Am Enseignement Primaire géingen d'Kanner gutt dorobber virbereet ginn. Ma och Studente bräichten Hëllef, zum Beispill ënner Form vu Workshoppen, well och op deem Niveau net méi all Mënsch nokënnt.

De Pascal Thinnes, Exrait 2



Bis ewell huet d'Acel nach net mam néien Héichschoulminister Claude Meisch geschwat, ma eng Entrevue wär awer mol ugefrot. Do war et nach den Appell vum Acel-President un den neien Héichschoulminister, fir nieft der Educatioun, d'Studenten net ze vergiessen.

Fir d'ACEL sti wéi gewinnt och dëst Joer zwee wichteg Rendez-vousen um Programm. Do ass eemol d'Aktioun "Student fir en Dag". Da si Schüler-Reese fir eng Stad an hir Uni kennenzeléieren. En anere wichtegen Evenement ass, wéi all d'Joers d'REEL, déi europäesch Reunioun vun de Lëtzebuerger Studenten. Dëst Joer geet et do op Oochen.

All Informatioune fënnt een op acel.lu

Invité vun der Redaktioun: Pascal Thinnes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.