Invité vun der Redaktioun (15. Januar) - Romain SchmitDe Koalitiounsprogramm ass a punkto Handwierk duerchwuess

En Dënschdeg de Moie war de Generalsekretär vun der Fédération des artisans eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Romain Schmit (15.01.2019)
En Dënschdeg de Moie war de Generalsekretär vun der Fédération des artisans eisen Invité vun der Redaktioun.

Et wären zwar vill Cadeauen un d'Wieler gemaach ginn, ma fir d'Betriber géing näischt Konkretes gemaach ginn. Dat sot eisen Invité vun der Redaktioun Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun.

De Mindestloun, de Congé Parental, nei Congés- oder Feierdeeg géingen engem net d'Genéck briechen. Ma wat de Betriber géing Suerge maachen, wären all déi „Non-Dit'en“ zum Beispill wat d'Organisatioun vun der Aarbechtszäit ugeet. De Congé parental an de Pappecongé zum Beispill wären also bekannte Facteuren, ma wann da vun "Zäitspuerkonten" am Privatsecteur geschwat gëtt, da géing kee wëssen, wat op en duer kënnt, sou eisen Invité de Romain Schmit.

Wat hält d'Handwierk vun den zousätzlechen fräien Deeg? Déi géinge kaschten, sou de Romain Schmit an de Betriber d'Grondlag ewech huelen fir hire Chiffre d'affair ze realiséieren. Do war et den Appell vum Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun, fir opzehalen d'Sozialpolitik wëlle mat der Fiskalpolitik ze kompenséieren.

Invité vun der Redaktioun: Romain Schmit



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.