Invité vun der Redaktioun (18. Januar) - Georges MerenzLandesverband däitlech géint de gratis ëffentlechen Transport

E Freideg de Moie war de President vum Landesverband eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Georges Merenz (18.01.2019)
E Freideg de Moie war de President vum Landesverband eisen Invité vun der Redaktioun.

"Mir sinn däitlech géint de gratis ëffentlechen Transport. Et gëtt nämlech keen Plang". Dat sot eisen Invité vun der Redaktioun Georges Merenz, President vum Landesverband, e Freideg de Moie bei eis op der Antenne.

Schonn elo hätten d'Cliente vum ëffentlechen Transport vill Doleancen: Zich, déi moies komplett voll an dacks ze spéit  sinn, vill Schantercher a Parkplazen op de Garen, déi net duer ginn. Mat engem gratis ëffentlechen Transport kéint et awer an de Spëtzestonnen däitlech méi Usageren ginn, mä dat wär net realistesch, well dann d'Zich komplett iwwerfëllt wären, sou den George Merenz. Den Transportminister François Bausch hätt an enger Entrevue mam Landesverband geäntwert, dass hien net géing gleewen, dass souvill méi Leit duerno op den ëffentlechen Transport géingen zeréckgräifen an hien géing och net gleewen, dass duerno een Auto manner op der Strooss wär - dëst wär eng réng sozial Mesure.

Georges Merenz - Extrait1



Et géingen nach vill oppe Froen ginn, notamment déi vum Personal. Wat geschitt mat de Maschinisten? Wat ass mat de Guicheten an de Garen? Et wéilt ee keng doudeg Garen an d'Employéen vun den CFL géinge sech vill Froe stellen.

Georges Merenz - Extrait2



Bleift déi éischt Klass? Dat ass eng Fro, déi een sech géing stellen, sou de Georges Merenz. Wa se bleift, misst déi jo bezuelt ginn, ma wat géing déi kaschten? Dofir fuerdert de Landesverband, dass d'Tickete bestoe bleiwen, och fir déi gratis Faarten, well et soss ze vill Duerchernee géing ginn, sou de Georges Merenz. Och a Punkto M-Pass misst d'Fro gekläert ginn, wéi dat soll viru goen. Mat deem Pass gëtt nämlech och de Parking méi bëlleg, dësen Avantage wéilten d'Clienten natierlech net verléieren.

Invité vun der Redaktioun: Georges Merenz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.