Invité vun der Redaktioun (4. Februar) - Nicolas BuckFräiheet vun de Betriber gëtt ëmmer nees ageschränkt

Den Nicolas Buck soll neie President vun der Union des Entreprises Luxembourgoises, der UEL ginn.

Invité vun der Redaktioun: Nicolas Buck (04.02.2019)
Den nächste President vun der UEL, Nicolas Buck, war e Méindeg de Moien en Invité vun der Redaktioun.
D'Wirtschaft brauch Fräiheeten fir sech ze entwéckelen, mä de Staat gräift ëmmer erëm an an trëfft Decisiounen vun uewen erof. Dat sot um Méindeg de Moien den Nicolas Buck, deen nächste President vun der UEL soll ginn. Hie war den Invité vun der Redaktioun.

D'Fräiheet vun de Betriber géif ëmmer nees ageschränkt ginn, dat rezent zum Beispill wat d'Stagen ugeet, do gouf d'Unzuel u Stagiairen déi d'Entreprisen dierfen huelen, limitéiert. E weidere Congésdag oder den neien zousätzleche Feierdag stellt d'Patronat sécher virun nei Erausfuerderungen an et kéint ee sech sécher net iwwert e Manktem un Aarbecht bekloen, déi an Zukunft wäert op d'UEL duerkommen, seet den Nicolas Buck.

D'Reegelen fir d'Entreprisen misste manner ideologesch, mä méi pragmatesch definéiert ginn. Dowéinst wënscht sech de Nicolas Buck en oppenen Dialog, deen op Fakten baséiert.

Als UEL-President huet hien 3 grouss Themen, ëm déi hie sech muss bekëmmeren: Sozial-Sécherheet, Aarbechtsrecht a Steierpolitik.

De 7. Mäerz soll den Nicolas Buck op der Assembléee générale vun der UEL als neie President proposéiert ginn. Hien iwwerhëlt d'Successioun vum Michel Wurth.

Invité vun der Redaktioun: Nicolas Buck


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.