Invité vun der Redaktioun (11. Februar) - François MoyseEt ass wichteg, dass d'Erënnerung un den Holocaust héichgehale gëtt

E Méindeg de Moie war de President vun der "Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah" eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: François Moyse (11.02.2019)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Zanter dem leschte Summer gëtt et déi nei Lëtzebuerger Fondation pour la Mémoire de la Shoah.

Hire President, de François Moyse war um Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun, am Virfeld vun enger éischter ëffentlecher Konferenz um Méindeg den Owend. De franséischen Historiker Georges Bensoussan gëtt do Erklärungen zu der Reichskristallnacht 1938.

Et wier wichteg, datt d’Erënnerung un den Holocaust an de generelle Vëlkermord während dem 2. Weltkrich héich gehale gëtt, grad wéi datt een awer och aktuell géint all Zorte vu Rassismus virgeet.

Lëtzebuerg huet sech 2015 offiziell entschëllegt fir d'Juddeverfolgung am 2. Weltkrich. E Monument gouf opgeriicht, d'Fondatioun gegrënnt ... d’Lëtzebuerger Beméiunge wiere wuel spéit komm, mä et misst een de Premier luewen.

A Frankräich hätt viru Kuerzem eng Etüd gewisen, datt ee Fënneftel vun de Schüler hautzedaags mol net méi wéissten, wat dat Wuert Shoah géif bedeiten. D’Aufgab vun eiser Gesellschaft wier et, datt dat sech ännert.

Nieft verschiddene privaten Initiativen, wier et an der Schoul nach ëmmer esou, datt et ville Proffe selwer iwwerlooss wier, mat de Schüler dat Thema ze behandelen.

De François Moyse ass och der Meenung, datt weider Recherche-Aarbecht misst geleescht ginn, well villes ronderëm d’Shoah, och hei am Land, nach net konnt opgekläert ginn. E Beispill ass d’Zwangsenteegnung vun auslännesche Judden hei am Land.

Invité vun der Redaktioun: François Moyse



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.