Invité vun der Redaktioun: Raphaël Kies (10. Okt.)

Den Invité vun der Redaktion en Donneschdeg um 10 op 8 war de Raphaël Kies vun der Uni Lëtzebuerg.

Ween ass de Kandidat, respektiv déi Partei, déi am beschte bei mech passt? Op dës Froe well den Internetsite Smartvote.lu vun der Uni-Lëtzebuerg eng Äntwert ginn. Ee vun de Käpp hannert dem Site ass de Raphaël Kies. Hie wor en Donneschdegmoien Invité vun der Redaktioun. Hien huet erkläert dat een op smartvote.lu  45 Froen iwwert d'politesch Theme gestallt kritt. D'Äntwerte gi mat deene verglach, déi d'Politiker ginn hunn, déi di nämmlecht Froe gestallt kruten. D'Participatioun vun de Parteie wor ënnerschiddlech, sou datt net vun all Politiker e Profil konnt gemaach ginn. D'CSV huet am mannste matgemaach, d'Kompetitioun tëscht deenen anere Parteien, fir an eng Koalitioun wier méi grouss, sou d'Erklärung vum Raphaël Kies. 

De Site géif och net d'Liese vun de Wahlprogrammer ersetzen, mä de Leit eng Idee gi ween, wat, iwwer wichteg Sujeten denkt. Wee bei smartvote.lu mat mécht, bleift iwwregens anonyme. Bis ewell hu schonn 20.000 Leit de Site en vue vun de Wahlen den 20. Oktober benotzt.  Smartvote.lu , sou de Raphaël Kies,  soll och fir d'Europawahle fonctionnéieren, a bei den Gemengewahle kéint de Site fir grouss Gemengen ewéi Esch a Stad agesat ginn. 

Invité vun der Redaktioun: Raphaël Kies



Rendezvous fir de politeschen Interview um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an op RTL.lu (Audio a Video).


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.