Invité vun der RedaktiounAstrid Lulling (19. Mäerz)

D'Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch um 10 op 8 war d'CSV-Europadeputéiert Astrid Lulling.

D’Astrid Lulling ass traureg an e bësse rosen, dass se net méi vun der CSV mat an d’Europawahle geholl gëtt. Dat sot si e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview.

Bis zu Lescht wousst si net, ob se nach dobäi wier oder net. Ënner verschiddene Konditiounen, hätt si sech och fräiwëlleg zréckgezunn. Notamment wann de Jean-Claude Juncker oder de Luc Frieden matgaange wier. D’Astrid Lulling fënnt et dann och net gutt dass de Jean-Claude Juncker sech als EVP-Spëtzekandidat net an den Europawahle presentéiert. Bis zu Lescht wier Drock vun der Partei Drock gemaach ginn.

D’Astrid Lulling hätt hiert Mandat zu Stroossbuerg iwwregens souwisou net fäerdeg gemaach an hätt sech no 2 Joer oder sou zréckgezunn. Dat huet si der Partei och gesot.

D’Astrid Lulling ass skeptesch, dass et nach eemol duergeet fir 3 Sëtz. Hir Partei wëll si elo awer net verloossen.

Invité vun der Redaktioun: Astrid Lulling



Rendez-vous fir den Interview um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an op RTL.lu (Audio a Video).

An engem Interview e Mëttwoch mam Quotidien heescht et, datt d'CSV d'Astrid Lulling duerch eng illuster Onbekannt, nämlech d'Marianne Pesch-Dondelinger ersat hätt.

D'84 Joer al Europa-Politikerin seet sech dann och op eng humiliant a net grad elegant oder stilvoll Aart a Weis vun der Lëscht ewechgedréckt.

D'Madame Lulling seet sech dann och verdaddert iwwert d'Manéier, wéi d'CSV virgaangen ass a schwätzt vun enger Diskriminéierung vum Alter.

Wann d'Europa-Lëscht vun der CSV sech elo nach géif duerch méi jonk oder méi kompetent Kandidaten auszeechnen kéint een de Choix d'Astrid Lulling net mat op d'Lëscht ze huelen verstoen, ma dat wier net de Fall.

D'Madame Lulling weist dann mam Fanger op d'Viviane Reding; et wier si gewiescht, déi net gewollt hätt, datt d'laangjäreg Deputéiert mat op d'Lëscht géif goen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.