Invité vun der RedaktiounPol Reuter (24. Abrëll)

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie war de President vun der Unel, der Union des Etudiant-e-s du Luxembourg.

D'Organisateure vum Schülerstreik e Freideg, géint d'Reform vun den Studiebäihëllefe rechne mat 10.000 Manifestanten. Dat huet de Pol Reuter, President vun der Studentenassociatioun UNEL, a Member vum Streikcomité um Donneschdeg de Mueren am RTL-Interview gesot. D'Echoen an den Schoule wiere ganz positiv gewiescht, ma net all Organisatioune streiken dann awer och mat, wat de Pol Reuter bedauert.  Argumenter, wei dat et de Lëtzebuerger Studenten dach besser geet ewéi deenen am Ausland, léisst de Pol Reuter net gëllen.

D'Dialoguebereetschaft vum Minister Meisch, gesäit den UNEL-President och skeptesch: D'Entrevuë mat him, respektiv mat senger Virgängerin, hätten Näischt bruet. Mam Streik wëllen d'Studenten dowéinst nach eng Kéier hir Positioun ënnersträichen, ier een dann awer nees weider mam Minister wëll verhandelen.

Invité vun der Redaktioun: Pol Reuter



Rendez-vous fir den Interview um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an op RTL.lu (Audio a Video).



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.