Invité vun der RedaktiounPatrick Remakel (22. September)

Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8 war de Patrick Remakel vun der Enseignantsgewerkschaft SNE.

Den Dialog mam Educatiounsminister Meisch fonctionnéiert, dat hätt een bei den Diskussiounen iwwert déi nei Bilane gemierkt, sou den Patrick Remakel, President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE. Den Invité vun der Redaktioun um Méindeg de Mueren, huet awer och ënnerstrach, dat een nach eng Partie Fuerderungen un den Educatiounsministère huet.

Eng grouss ass d'Neiberechne vun den Enseignant-Kontingenten an de Schoulen, fir déi individuell Fërderung vun de Kanner kënnen ze garantéieren, an dowéinst bräichten d'Schoulen och méi Autonomie, sou de Patrick Remakel weider.

Eng méiglech Alphabetiséierung an zwou Sproochen an de Crèchen, ass fir den SNE och eng Méiglechkeet, wann een dat neidescht Léierpersonal kritt.   

Am Kontext vun dëser individueller Fërderung, bräichten d'Schoulen och méi Autonomie, sou de Patrick Remakel weider.

Dës a weider Fuerderunge krut de Minister Meisch och viru kuerzem zougeschéckt elo ass een beim SNE op d'Äntwerten gespaant. Wat méiglecht Spuerpotential an der Schoul ugeet, do géif den Patrick Remakel beim administrative Waasserkapp am Ministère usetzen, an net bei bei den Enseignanten, also bei der Bildung vun de Kanner.


Invité vun der Redaktioun: Patrick Remakel



Rendez-vous fir den Interview um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an op RTL.lu (Audio a Video).

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.