Invité vun der RedaktiounProfesser Dr. Rainer Klump (26. Mäerz)

Invité en Donneschdeg de Moie géint 10 op 8 am Studio vu Radio Lëtzebuerg war den neie Rektor vun der Uni Lëtzebuerg.

Invité vun der RTL Redaktioun: Prof. Dr. Rainer Klum (26.03.2015)
.

Et ass eng kleng Uni, awer mat groussem Potential, sou den neie Rekter vun der Uni Lëtzebuerg, Rainer Klump, en Donneschden de Moien am RTL-Interview. Hier zentral Lag an Europa bitt vill Méiglechkeeten a si ass déi eenzeg zu Lëtzebuerg, kann also och eng grouss Roll bei der Entwécklung vum Land spillen. Den neie Rekter setzt besonnesch op de Spaass um Fuerschen, a wëll dowéinst, souwuel beim Personal, wéi och bei de Studenten, eng Innovatiounskultur etabléieren.

D'Uni ass - a soll och breet opgestallt bleiwen, mat den Haaptakzenter op Biomedezin, Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, Finanzen an europäeschem Droit.

Dofir brauch een natierlech Suen. Dës komme vum Stat, awer och vum Fonds National de la Recherche, der EU, an och vu privater Säit: sief et vun Entreprisen, Fondatiounen oder Donen.

Wat d'Plënneren an d'Maison du Savoir op Belval ugeet, huet den neie Rekter erkläert, datt dëst Joer nach d'Sciences Humaines et sociales op Belval kommen, de Campus Walfer gëtt jo zou gemaach. Dat nächst Joer plënneren d'Bachelor Studenten am Droit an an der Eco an duerno d'Sciences Naturelles.

[attach

Invité vun der RTL Redaktioun: Prof. Dt. Rainer Klum

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.