Invité vun der RedaktiounMarc Spautz (30. Abrëll)

Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Marc Spautz (CSV).

Den Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz (30. Abrëll) (30.04.2015)
.

Um Virowend vum 1. Mee vermësst d'CSV villes wat d'Regierung u soziale Mesuren a Reformen annoncéiert huet.

Esou wier d'CSV a Saache Kannerbetreiung en anere Wee gaange wéi dës Regierung an hätt net alles gratis offréiert.

An den Ae vum CSV-Parteipresident Marc Spautz schéngt dann och de Sozialdialog nees ze fonctionnéieren.

Wat de Mindestloun ugeet, wënscht sech d'CSV eng regelméisseg Upassung un d'Lountentwécklung.

D'Familljepolitik setzt déi gréisst Oppositiounspartei dann och an de Kontext mat Wunnengsbaupolitik, an do kann een net zefridden sinn mat der Aarbecht vun der Ministesch Maggy Nagel. D'CSV huet dann och d'Press invitéiert fir detailléiert op d'Kritikken iwwert déi aktuell Logementspolitik anzegoen. Do dierft dann och eng blank Datz verdeelt ginn.

Den Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz (30. Abrëll

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.