Invité vun der RedaktiounJeff Boonen (7. Juli)

Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war de President vun de Jongbaueren a Jongwënzer, de Jeff Boonen.

Invité vun der Redaktioun: Jeff Boonen (07.07.2015)
Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war de President vun de Jongbaueren a Jongwënzer.

D'schmeiert Wierder mécht net nëmme sensibele Leit ze schafen, mä natierlech och de Baueren, déi op de Karschnatz hischaffen.

Wéi de President vun de Jongbaueren a Jongwënzer en Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview sot, wieren d'Stécker ausgedréchent: et wier elo batter néidech, datt bis zu 80 Liter Reen géife falen.

D'Kären-Qualitéit wier dem Jeff Boonen no awer gutt, dat ënnert anerem och wëll wéinst der Hëtzt de Krankheetsdrock op d'Planzen net esou héich wier.

Kritike da goufen et aus Déiereschutz-Kreeser, wat d'Konditiounen ugeet, ënnert deene Béischten iwwert de Weekend op der Foire Agricole gewisse goufen – dat kann de Jeff Boonen esou net confirméieren.

De Jeff Boonen iwwert d'Foire Agricole


D'lescht Woch war och den europäeschen Conseil vun de jonke Baueren, de CEJA, zu Ettelbréck vertrueden fir z.B. iwwert d'Kommunikatioun an de PR an der Landwirtschaft ze schwätzen. Ee Problem, deen et dem Jeff Boonen no reell gëtt, well d'pauschal Duerstellung an d'Wierklechkeet an de Betriber ëmmer méi auserneen géifen driften.

Invité vun der Redaktioun: Jeff Boonen



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.