Invité vun der RedaktiounMars Di Bartolomeo (16. Juli)

Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Chamberpresident.

Den Invité vun der Redaktioun: Mars Di Bartolomeo (16.07.2015)
Moderatioun: Carine Lemmer

90 Gesetzprojete goufe gestëmmt, et gouf iwwer 500 ëffentlech Sëtzungen a Kommissiounssëtzungen... E Mëttwoch waren d'Deputéiert eng leschte Kéier fir dës Chambersessioun beieneen an de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo war en Donneschden de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Déi gesellschaftspolitesch Diskussiounen, den Avortement, de Mariage pour tous an natierlech de Referendum hunn d'Sessioun dominéiert. D'Chamber setzt op partizipativ Demokratie, och mat de Petitiounen. Lo sinn der zwou do, déi Neiwahle fuerderen, mä och déi fäert de Chamberpresident net.

Mars Di Bartolomeo: Petitioune musse respektéiert ginn

All Petitioun gëtt och an der Chamber diskutéiert, op d'mannst an der Petitiounskommissioun. Bei iwwer 4.500 Ënnerschrëfte jo an enger ëffentlecher Sëtzung. Mä och bei villen Ënnerschrëfte géif et net heeschen, datt dat wat ee fuerdert, Realitéit gëtt. Et géif eben diskutéiert ginn an d'Politik misst dann hir Responsabilitéit iwwerhuelen a soe wat se denkt, sou de Mars Di Bartolomeo.

Invité vun der Redaktioun: Mars Di Bartolomeo
No der leschter Chambersëtzung an dëser Sessioun: Réckbléck an Ausbléck mam Chamberpresident Mars Di Bartolomeo.



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.