Invité vun der RedaktiounFred Keup (20. Oktober)

Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de Fred Keup vun der Initiative "Nee 2015-Wee2050".

Invité vun der Redaktioun: Fred Keup (20.Oktober) (20.10.2015)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et weist e Manktem u Fangerspëtzegefill, datt de Minister Braz, eng 4 Méint nom Neen am Referendum eng ähnlech Propose mam Nationalitéitegesetz presentéiert, sou de Fred Keup vun der Beweegung "Nee 2015-Wee 2050", déi fäert, datt mam neie Gesetz d'Auslännerwahlrecht duerch d' hënnescht Dier géif komme. Speziell well de Niveau vun de Sproochkenntnisser erof gesat gouf. Wann een d'Sprooch vun engem Land awer net kann, ass een ausgegrenzt, sou de Fred Keup weider, an dat wier jo net am Sënn vun der Integratioun. Dowéinst fuerdert hien, ënnert anerem, och eng méi grouss a besser Offer vu Lëtzebuergesch-Coursen.

D'Beweegung Nee2015-Wee2050 huet awer nach Hoffnung, datt de Minister Braz op verschiddene Punkte nobessert, ëmmerhinn hat hie jo nach Gespréicher iwwert d'Gesetz mat der Oppositioun annoncéiert.

Invité vun der Redaktioun: Fred Keup (20.Oktober)

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.