Invité vun der Redaktioun: Carole Dieschbourg (7. Januar)D'Steierreform wäert och ökologesch ausgeriicht ginn

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg ëm 10 op 8 war d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Den Invité vun der Redaktioun: Carole Dieschbourg (07.01.2016)
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg ëm 10 op 8 war d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

D'Steierreform wäert also och ökologesch ausgeriicht ginn. Basis vun den Diskussiounen, déi an deem Kader gefouert ginn, ass d'Etude vum Professer Ewringmann iwwert den Tanktourissem, déi Enn nächste Mount soll virleien.

Dës Etude huet nach emol missten nogebessert ginn, nodeem de Pëtrolspräis déi lescht Méint jo massiv erofgaange war.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet um Donneschdeg de Mueren am RTL-Interview confirméiert, datt d'steierlech Reforme wäerten d'gréng Handschrëft vun Nohaltegkeet an Ëmweltschutz droen.

Extrait Carole Dieschbourg

Gepréift gëtt der Ministesch no och eng méi héich Besteierung vun Déngschtween, wou senger Zäit de Camille Gira eng Proposition de Loi gemeet hat, déi awer entretemps vum Rôle vun der Chamber erofgeholl ginn ass.

Dann huet d'Ministesch am RTL-Gespréich d'Schafe vun enger Klimabank an dem Logement-Nohaltegkeetslabel LENOS annoncéiert.

Iwwerhaapt ass nieft der alternativer Energieproduktioun an der Mobilitéit d'Bauen eng vun de Pisten, wou am Sënn vu Klimaschutz geschafft gëtt: esou gëtt dëst Joer eng nei „Prime House“ presentéiert, sou datt am Grand-Duché nëmmen nach wäerten Haiser vun der Energieklass A gebaut ginn. Entspriechend Subside ginn och un Ëmweltcritèren an natierlech ökologesch Baustoffe gebonnen

Den Invité vun der Redaktioun: Carole Dieschbourg


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.