Invité vun der RedaktiounArmand Drews (12. Januar)

Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de Armand Drews, President vum Cercle de Coopération.

Radio - Invité vun der Redaktioun: Armand Drews (12.01.2016)
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de Armand Drews, President vum Cercle de Coopération.

Vill Analyse ware néideg, well et ass eng komplex Matière, ma, no engem Joer Verhandlunge goufe sech Regierung an de Cercle de Coopération des ONG de développement eenz, iwwert de Kofinanzement am Entwécklungsberäich.

Den Armand Drews, President vum Cercle huet en Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview d'Haaptpunkte vum Accord erkläert: Sou geet d'staatlech Hëllef fir déi am mannsten entwéckelt Länner an d'pays cibles vun der Lëtzebuerger Cooperatioun vun 75 op 80% erop, fir Projeten an anere Länner fält se awer vun 66% op 60%.

Ma och déi Projeten, déi nëmmen nach zu 60% solle co-finanzéiert ginn, hunn awer nach d'Méiglechkeet op 80% staatlech Hëllef zeréck ze gräife wann se verschidde Critèren erfëllen. Notamment d'Stäerke vun der Zivilgesellschaft an engem Land.

Net frou ass de Cercle, dat Ënnerstëtzung bei den administrative Käschte vu 15 op 14% gefall ass, ma, um Ufank vun de Verhandlunge sollt se souguer op 12% erofgesat ginn.

Allgemeng, sou de Bilan vum  President vum Cercle de Coopération, sinn d'ONGen zefridde mam Accord dee fonnt gouf.

Invité vun der Redaktioun: Armand Drews



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.