Invitée vun der Redaktioun

Invité vun der RedaktiounChristiane Tonnar (22. Mäerz)

Invitée en Dënschden de Moien um 10 op 8 war d'Christiane Tonnar vun der ONG „Solidarité Luxembourg-Cuba“.

Invité vun der Redaktioun: Christiane Tonnar (22.Mäerz) (21.03.2016)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Christiane Tonnar vun der ONG „Solidarité Luxembourg-Cuba“ hofft, datt duerch déi historesch Visite vum US-President op Kuba elo endlech den amerikaneschen Handelsembargo géint Kuba opgehuewe gëtt. Dëse géif d'Land nämlech komplett blockéieren. Sécher misst een och iwwer d'Mënscherechtssituatioun op der Karibikinsel schwätzen, well do wier sécher net alles an der Rei, sou d'Invitée vun der Redaktioun, et wier awer am amerikanesche Militärprisong Guantanamo wou gefoltert gëtt. An d'EU hätt jo zum Beispill och keng Problemer fir mat der Tierkei ze verhandelen, wou d'Mënscherechter och net respektéiert ginn.  

De Rapprochement tëscht Kuba an den USA géif speziell vun de jonke Kubaner begréisst ginn, sou d'Christiane Tonnar weider, de Prozess vun der Liberaliséierung vu Kuba, kéint elo viru gedriwwen ginn, och wann d'Kubaner weider op dës Changementer misste preparéiert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Christiane Tonnar (22.Mäerz)



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.