Invité vun der Redaktioun (9. Januar)Emile Eicher: "Kompensatioune ginn net duer"

Invité e Méindeg um 10 op 8 war den Emile Eicher vum Syvicol. Et goung ëm Gemengefinanzen, Gemengewahlen a Kierchefabrécken.

Invité vun der Redaktioun: Emile Eicher (9. Januar) (09.01.2017)
Invité e Méindeg um 10 op 8 war den Emile Eicher. Et geet ëm Gemengefinanzen, Gemengewahlen, Kierchefabrécken an déi drëtt industriell Revolutioun.
Den Emile Eicher, President vum Gemengesyndikat Syvicol, war eisen éischten Invité am Neie Joer. Mam Klierfer Député-Maire mer iwwer Gemengefinanzen, Gemengewahlen an d'Trennung vu Kierch a Stad geschwat.

"Eng absolut Gerechtegkeet gëtt et net bei der Reform vun de Gemengefinanzen", sou de President vum Gemengesyndikat Syvicol, Emile Eicher, e Méindeg de Mueren am RTL-Interview.

Gutt wier, datt de Facteur Populatioun bei der Reform verstäerkt consideréiert gouf, d'ländlech Gemenge mat hire spezifesche Chargen awer net. Och d'Kompensatioune fir déi 31 Gemengen, déi duerch d'Reform manner kréien, ginn net duer, sou den Invité vun der Redaktioun. Dat well se op 2015 gerechent goufen, ma an der Tëscht koumen awer eng ganz Partie Käschte bei, wei zum Beispill: d'Indextranche oder de Gehälteraccord vun de Gemengefonctionnairen.

D'Grondsteier zu Lëtzebuerg ass niddreg, gëtt awer net reforméiert. Dat misst awer gemaach ginn, sou de Syvicolpresident, wier awer net esou einfach a géif sécher net méi virun de Gemengewahle geschéien - Gemengewahlen, bei deenen den CSV-Politiker Emile Eicher iwwregens nees mat an d'Course wëll goen.

Invité vun der Redaktioun: Emile Eicher (9. Januar))


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.