Invité vun der Redaktioun (11. Januar)Lydia Mutsch iwwer Gewalt am Stot

De Chancëgläichheetsministère lancéiert eng Sensibiliséierungscampagne géint Gewalt am Stot.

Den Invité vun der Redaktioun: Lydia Mutsch. (11.01.2017)
De Chancëgläichheetsministère lancéiert eng Sensibiliséierungscampagne géint Gewalt am Stot.

Gewalt am Stot geet queesch duerch all Alterskategorien, Sozialschichten a Bildungsniveauen, an d'Affer si net nëmme Fraen a Kanner, mä och Männer, wéi d'Chancëgläichheetsministesch Lydia Mutsch um Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview erkläert huet.

67 mol de Mount muss d'Police an der Moyenne eraus wéinst Gewalt am Stot. A vill Fäll géife guer net gemellt ginn. Lëtzebuerg hätt sech awer gutt Gesetzer ginn, fir Affer ze hëllefen an ze protegéieren. Ma och d'Täter kréie gehollef a gi beroden, dat am Sënn vu Präventioun a fir d'Hannergrënn vu Gewalt am Stot ze erfuerschen.

Déi aktuell Sensibiliséierungscampagne vum Chancëgläichheetsministère, viséiert awer och d'Ëmfeld bei Gewalt am Stot, well et si net nëmmen Täter an déi direkt Affer déi dorënner leiden.

Den Invité vun der Redaktioun: Lydia Mutsch.


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.