Invité vun der Redaktioun (23. Januar)Claude Strasser iwwer d'Erausfuerderunge vun der Post

Invité vun der Redaktioun e Méindeg ëm 10 op 8 war de Generaldirekter vun der Post.

Den Invité vun der Redaktioun: Claude Strasser (23.01.2017)
Invité vun der Redaktioun e Méindeg ëm 10 op 8 war de Generaldirekter vun der Post.

D’Post feiert hir 175 Joer. Ee vun de Schlësselamenter an der laanger Geschicht vun der Entreprise war d’Liberaliséiere vun de Post-Servicer Courrier an Telecom, wéi de Generaldirekter Claude Strasser, um Méindeg de Mueren am RTL-Interview erkläert huet.
An dës Erausfuerderung hätt ee gutt gemeeschtert.

Digitaliséierung ass den Ament en Haaptchantier fir d'Post, do ass ee scho mat vir bäi a wëll dat och bleiwen, an och am Secteur Logistik gëtt ausgebaut, sou den Invité vun der Redaktioun weider.

Datt d'Pabeier-Viremente vun der Post elo méi deier ginn, huet de Claude Strasser mat den niddregen Zënsen erkläert, duerch déi een Näischt méi op den Depote vun de Clientë verdéngt, an datt een d'Leit och ëmmer méi op de Wee vun den elektronesche Servicer respektiv Bankomater wëll bréngen.

Den Invité vun der Redaktioun: Claude Strasser

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.