D'Lëtzebuerg vu muerFace-à-face mam Martine Hansen a Fred Keup

Riets ass d'Richtung an déi et den Ament an de politesche Sondagen zu Lëtzebuerg geet, 4 Méint virun de Chamberwalen.

Face-à-Face mam Martine Hansen a Fred Keup (19.06.2018)
Riets ass d'Richtung an déi et den Ament an de politesche Sondagen zu Lëtzebuerg geet, 4 Méint virun de Chamberwalen.

Resumé Face-à-Face mam Martine Hansen a Fred Keup



En Dënschdeg an der Mëttesstonn stounge sech am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg d'Martine Hansen vun der CSV an de Fred Keup vum Wee2050, dee fir d'ADR am Oktober untrëtt, géintiwwer.

Eenzel Sujete vun eis si vläicht déi selwecht, mee mir hunn awer net déi selwecht Léisungen, sou d'CSV-Deputéiert a Vizepresidentin Martine Hansen, an der Mëttesstonn en Dënschdeg am Radio-Face à Face géint de Fred Keup, dee jo mat 5 anere Memberen aus senger Initiative Wee 2050, fir d'adr mat an d'Nationalwale geet. Et war e Sträitgespréich zwar ouni Sträit, mee dofir mat Aussoen, déi d'Gemeinsamkeete mee och d'Differenze gewisen hunn.

Dobäi sëtze béid Parteien niewenteneen, an der Mëtt, soe se CSV an adr gesi vläicht d'Problemer duerch en ähnleche Brëll, wëllen d'Kniet awer net op déi selwecht Manéier opmaachen.

Wat d'Leit net wéilte wier eng CSV als 4. Gambia-Partei, sou den adr-Kandidat. Dee, präziséiert d'CSV-Vize Martine Hansen, hätt dach scho méi wéi eng Parteikaart am Tirang leien.

Bei der adr hu sech déi 6 Leit aus der Initiativ Wee 2050 am wuelste gefillt, obschonns hien och mat der CSV geschwat hätt. Do wier vläicht eppes gaangen, sou d'Impressioun vum Fred Keup.

Soss keng Detailer iwwer iergendwellech Meetingen oder Gespréicher. Och net vum Martine Hansen, déi awer nach genee weess, wat den CSV-Spëtzekandidat iwwer eng eventuell Koalitioun mat der adr sot. An zwar, datt een esou wéi d'adr den Ament opgestallt ass net kéint zesumme schaffen.

Natierlech geet et dem Fred Keup ëmmer nach ëm eis Sprooch, Lëtzebuergesch schwätzen, léieren, Lëtzebuergesch als Konditioun fir eng Integratioun. E Mëttwoch de Moie komme mir op dee Volet vum Face-à-Face zréck, dat och mat eisem Invité vun der Redaktioun, dem zoustännege Minister Claude Meisch.

Face-à-Face Martine Hansen a Fred Keup



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.