VIDEO: Face-à-faceFred Keup (adr) - Claude Meisch (DP)

Wann et ëm Wuesstum geet, an d'wirtschaftlech Entwécklung vu Lëtzebuerg, da sinn d’Parteie sech am Fong eens: d’Liewensqualitéit muss stëmmen.

Face-à-face: Fred Keup vs Claude Meisch (14.09.2018)
Wann et ëm Wuesstum geet, an d'wirtschaftlech Entwécklung vu Lëtzebuerg, da sinn d’Parteie sech am Fong eens: d’Liewensqualitéit muss stëmmen.

Eist Land braucht Wuesstem, mä net ze vill an och just Wuesstem vun der richteger Zort. Dat ass den eenzege Punkt, op dem sech e Freideg de Moien eis béid Invitéen am Face-à-face, de liberalen Educatiounsminister Claude Meisch an de Grënner vun „Wee2050“ Fred Keup eens waren.

Zanter 6-7 Joer géif et zu Lëtzebuerg een extrem staarke Bevëlkerungswuesstem ginn, duerch deen all d'Problemer wéi Zoubetonéierung, Stau, Wunnengspräisser a sozial Problemer an der Integratioun géingen entstoen, sou de Fred Keup.

D'Bevëlkerungsexplosioun géing duerch déi grouss Diskrepanz entstoen, tëscht der immens héijer Zuel un Aarbechtsplazen déi all Joer geschafe ginn, bal 15.000 pro Joer, mä pro Joergang géingen awer just 6,000 Schüler fäerdeg ginn. Doduerch misst een da Frontaliere siche goen, sou den Kandidat beim ADR. Et missten also manner nei Aarbechtsplaze geschafe ginn, an déi déi geschafe ginn, missten de Lëtzebuerger zegutt kommen, fuerdert de Fred Keup.

Face-à-face: Claude Meisch - Fred Keup

Domadder ass de Claude Meisch awer natierlech net d'Accord. Et kéint een enger Entreprise net virschreiwe wie si astellen, sou den DP-Kandidat. Zu Lëtzebuerg hätte mer am Verglach zum Beispill mat Spuenien, just een ganz niddrege Jugendchômage, ebe well vill nei Aarbechtsplazen all Joers entstinn, sou de Claude Meisch.

Face-à-face: Fred Keup vs Claude Meisch



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.