Thema LogementFace-à-Face Marc Hansen - David Wagner

En Donneschdeg de Mëtteg hunn de Logementsminister an den Deputéierte vun Déi Lénk op Radio Lëtzebuerg kontrovers matenee geschwat.

Face-à-Face Marc Hansen-David Wagner (20.10.2016)
En Donneschdeg de Mëtteg hunn de Logementsminister an den Deputéierte vun Déi Lénk op Radio Lëtzebuerg kontrovers matenee geschwat.


Face-à-Face Marc Hansen - David Wagner



KONTEXT

D'Regierung huet dem éiwege Problemkand „Logement“ de Krich erkläert.

Dass d'Wunnen zu Lëtzebuerg gemengerhand en deiere Spaass ass, ass kee Secret, jorelaang gëtt heiriwwer geschwat a gi Konzepter entwéckelt, déi d'Präisser sollen drécken, a jorelaang ass et och net vill méi wäit gaangen. D'Regierung wëll déi Saach dann elo awer méi offensiv ugoen, de liberale Logementsminister huet dës Woch op der Semaine du Logement, „Konkretes“ virgestallt, d'Resultater vu méintlaangen Efforten. An eisem Face à Face an der Mëttesstonn ginn déi nei Initiativen ënnert d'Lupp geholl, grad wéi déi verschidde politesch Aussoe vun dësem Joer.

Teaser Logement Face à Face / Reportage: Monique Kater


 
Periodesch gëtt d'Wunnen zum Liiblingsthema vun der Politik, da gëtt ferm gewiedert, dass näischt geschitt, d'Wahlprogrammer baschte vu kreativen Iddien, an dann? Dëst Joer war d'Logementskommissioun vun der Chamber ganzer 6 mol beieneen. Déi Lénk iergeren sech regelméisseg, op hirem Kongress am Abrëll nennt d'Carole Thoma den Zukunftspak an d'Logementspolitik en Echec.
 
Ëmmer méi Awunner, froen ëmmer méi Raum, mir betonéieren all Joer 2 Hektar zou, hunn awer nach keng Alternativ zu dësem Planéit, warnt am Februar, de Staatssekretär fir d'Ëmwelt, Camille Gira. Et géif een net um Mound liewen an et wäert engem och bis op Weideres net geléngen, den Territoire vu Lëtzebuerg ze vergréisseren.

Déi faméis Baulücke fëlle sech dann och nach ëmmer net vum selwen, en Inventar maachen geet net duer, d'Zauberwuert ass Motivatioun...! Zu Nidderaanwen probéiert de Buergermeeschter Raymond Weydert et op déi douce Aart a Weis. D'Grondsteier vun den Terrainen goufen an d'Luucht gesat, fir dass d'Leit, déi se wëllen hierginn, se direkt solle verkafen.
 
Aner Gemenge ginn dem Staat Schold, se géife jo gär, géifen awer net gelooss, sou de Reproche vum Réidener Buergermeeschter Henri Mausen. Et ass méi schlëmm wéi bei der Sprangprëssessioun: 7 Schrëtt no vir a 23 nees no hannen. Un eng Simplification administrative gleeft hie net méi, et hätt ee sech den "Hënneschten opgerappt" fir mam PAG a PAP fäerdeg ze ginn an et gëtt awer just gebremst.

Dat hei war am Januar, 9 Méint drop schléit de Minister op d'Tromm, Sonndesriede sinn out. Et gëtt behaapt, dass d'Politik just géif diskutéieren an debattéieren. Op der Semaine du Logement weist een awer ganz konkret, dass an de leschte Méint intensiv geschafft gouf an d'Mesure bei der Bierger ukommen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.