Thema TerritorialreformFace-à-Face mam Dan Kersch a Laurent Zeimet

En Donneschdeg de Mëtte waren den Dan Kersch an de Laurent Zeimet eis Invitéen am Face-à-Face.

Face-à-Face - Thema Territorialreform (17. November) (17.11.2016)
En Donneschdeg de Mëtte waren den Dan Kersch an de Laurent Zeimet eis Invitéen am Face-à-Face.

Mat enger Territorialreform soll eist Land prett gemaach ginn fir d'Zukunft. Mir wuesse séier, an eng nei Landkaart soll hëllefen, déi Erausfuerderungen Meeschter ze ginn. Zënter Jore gëtt d'Zil ugepeilt, d'Zuel vun de Gemengen erofzedrécken. Dass dat net séier genuch geet, ass net a Fro gestallt, mä d'Politik ass sech awer net eens iwwer d'Manéier, wéi een d'Gemengen dozou bréngt, ze fusionéieren. D'CSV proposéiert, dass d'Regierung selwer eng Landkaart zeechent, Fusiounen deemno verschreift. Fir d'LSAP muss een de Gemengen hei awer onbedéngt hier Autonomie loossen.

Face-à-Face Territorialreform (17. November)



Bei engem nationale Referendum géing dee populatiounstäerksten Deel vum Land, d'Decisioun huelen iwwer d'Zesummeliewe vun all deenen aneren, an iwwer den zukünftege Wahlsystem, esou erkläert den Inneminister säi Nee zu Referendum a zu forcéierte Fusiounen. Iwwer dës Aussoe kéint hie sech just wonneren, seet de Laurent Zeimet, hei géif einfach e Schreckgespenst gemoolt an iwwerhaapt géing och bei der Reform vun de Gemengefinanzen, vun uewen erof decidéiert Falsch, kontert den Dan Kersch dem Beetebuerger Buergermeeschter, säin Text wier schonn e Joer um Dësch

D'Regierung géing ze séier schaffen, an da géife Fehler geschéien, handwierklech net gutt, nennt de Laurent Zeimet dat. Wat den Avis vum Syfel ugeet, am Dossier Kierchefabriken, wou gesot gëtt, fir d'éischt hätt missen d'Verfassungsreform gemat ginn, läit den Inneminister net op der Ligne vum Auteur. D'Regierung hätt wat Kierchefabriken ugeet, juristesch gesinn, guer keng Konventioun mam Bistum misse maachen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.