Verschwierungstheorien

11.09.2018 - 13:45

D'Moundlandung war e Fake... Den 11. September huet d'US Regierung um Gewëssen an Impfunge verursaachen Autismus. Där Verschwierungstheorië ginn et der nach méi, ma wisou sinn déi esou attraktiv fir verschidde Leit?
11/09/2018 Verschwierungstheorien

Wëssenschaftler betruechten sech selwer an der Reegel als Mënschen, déi rational denken. Deemno di se sech och ganz schwéier mat den Argumentatioune vu Verschwierungstheorien a versichen drop opmierksam ze maachen, wéi geféierlech déi kënne ginn.

Ma veriert ee sech an déi Theorien do era lancéiert, sollt een drop hiweisen, dass Verschwierungen oder Intrigen duerchaus alldeeglech Phenomener sinn a permanent an iwwerall ginn dubiéis Persoune sech Rendezvous, fir Strofdoten a Skandaler, denkt een nëmmen un d'Ofgasskandaler an der Autosindustrie. Et ass also net aussergewéinlech, iergendwou e Komplott unzehuelen.

Bei all de Verschwierungstheorie mat hirer grousser Unzuel u Fans, kann een awer nach weider Saachen observéieren: Zum enge sinn d'Verschwörer ëmmer déi, deenen ee souwisou net traut an zum anere riicht sech hiren hannerhältege Plang ëmmer géint déi eege sozial Grupp.

Den hollännesche Psycholog Jan-Willem van Prooijen huet och festgestallt, dass Verschwierungstheorien ëmmer mat engem ganz groussen a katastrophalen Evenement ufänken, wéi beispillsweis eng Epidemie oder d'Zerstéierung vum World Trade Center den 11. September 2001. D'Leit wëllen anscheinend domat verstoen, wat fir e Sënn dat Ganzt huet. Ma och wann e grousst Verbrieche komplett opgekläert gëtt, erfannen d'Leit trotzdeem hir Theorien.

2001 hu bekanntlech islamesch Terroristen de World Trade Center an de Pentagon zerstéiert. Am Weltbild vu ville Leit sinn d'Islamisten awer net héich genuch op der Skala vun den organiséierte Béisen, fir esou e grousst Verbriechen z'organiséieren. Si gesinn d'Ersatz-Terroristen an der amerikanescher Regierung, déi dat alles provozéiert oder op d'mannst net reagéiert huet. Mënschen hunn eben d'Tendenz, fir grouss Verbriechen esou Gruppen nozesoen an, dass Beweiser feelen, dat stéiert net onbedéngt, well schliisslech hunn d'Täter hir Trace jo all ganz suergfälteg verwëscht, e weidere Beweis fir d'Gefor vun esou Theorien.

D'Flatearther beschäftege sech zum Beispill mat der Hueler-Welt-Theorie a behaapten, d'Äerd ass eng flaach Scheif mam Nordpol an der Mëtt.

Sinn dann Verschwierungstheoretiker elo all nëmmen harmlos Mënschen déi spannen,  mam berühmten Aluhutt, dee verhënnere soll, dass Stralen hir Gedanke beaflossen? Nee, sou einfach ass et net, an et soll een d'Geforen net ënnerschätzen, esou de Psycholog Van Prooijen, deen dat um Beispill vun den Impfungen erkläert:

Dës Verschwierungstheorie ass also schonn am Mainstream ukomm, ëmmer méi Eltere loossen hir Kanner net méi impfen an doduerch sinn nees méi Krankheeten aktuell, déi virdru scho sou gutt wéi ausgestuerwe waren.

Och an anere Beräicher huele Konspiratiounstheorien nach e ganz aneren Ausmooss un: Si splécken d'Gesellschaft nach méi. Donieft sinn d'Mechanisme vun de soziale Medie wéi geschaaft, fir Verschwierungstheorie ze kultivéieren: Hautzedaags ka jiddereen seng Theorien a sozialen Netzwierker, op Blogs oder Youtube-Videoe publizéieren a verbreeden. Virun 30 Joer war dat alles nach net esou easy, do huet ee misste vill Zäit hunn a Recherche maachen, haut fënnt een um Netzt alles.