Eng Lëtzebuerger Legend: Nicolas Frantz

08.11.2018 - 05:15

Den Nicolas Frantz kënnt de 4. November 1899 zu Mamer op d'Welt a stierft genee 86 Joer a 4 Deeg duerno, haut virun 33 Joer an der Stad. Den Nicolas Frantz war ee vun de ganz grousse Vëlossportler.
08/11/2018 Eng Lëtzebuerger Legend: Nicolas Frantz

Hien ass zu Mamer a Wiewesch als Jong vum Bauer Mathias Frantz an deem senger Fra Anna Urbing op d'Welt komm. Schonn 1924 an 1926 ass hie beim Tour de France als Zweeten op de Podium gefuer. 1927 an 1928 gewënnt hien den Tour de France. Eng flott Anekdot aus dem Joer 1928: Kuerz virun der Arrivée ass dem Nicolas Frantz d'Rumm vu sengem Vëlo futti gaangen. Hien krut doropshin en Dammevëlo aus dem Public an ass einfach do drop weider gefuer. 28 Minutten vu senger Avance hat e verluer ... an ass nawell als éischten an der Grande Boucle ukomm. Iwwer 50 Mol stoung de Nic Frantz um Podium vum Tour duerch Frankräich. Net manner ewéi 20 mol war hien d'Nummer 1 an zielt haut nach zu ee vun de Wéinegen déi während engem ganzen Tour de Giele Maillot op de Schëlleren haten.

Nach haut gëtt op enger ganzer Rei Plazen zu Lëtzebuerg un déi sportlech Exploiten erënnert: ënnert anerem mat der Vëloscourse 'Grand Prix Nicolas Frantz', dem internationalen Duathlon, enger Vëlospist, enger Sportshal an enger Rëtsch Monumenter. Viru ongeféier 8 Joer koum och eng Serie vun Timberen mat Lëtzebuerger Perséinlechkeeten eraus, dorënner och ee mam Nicolas Frantz den haut viru genee 33 Joer, den 8. November 1985 gestuerwen ass.