Wie ganz intelligent ass, huet méi Flecken op de Kleeder!

27.11.2018 - 05:15

© pixabay.com
Verschidde Mënsche kënnen einfach maache wat se wëllen; nom Iesse sinn d'Kleeder voll mat Flecken. Dat kann awer och e gutt Zeeche sinn.
27/11/2018 Wie ganz intelligent ass, huet méi Flecken op de Kleeder

Den Auteur Steve Johnson huet rezent erkläert datt ee sech net ze schumme brauch wann ee reegelméisseg beim Iesse sabbelt. Ganz am Géigendeel, de Steve seet datt dës Zort Leit gescheit sinn.

Den Ament selwer wann ee sech d'Zooss op dat wäisst Hiem kippt, kann engem dës Ausso wahrscheinlech net vill hëllefen, duerno kritt ee sech awer séier mat der Theorie berouegt datt, well een elo erëm gesabbelt huet, alt erëm de Beweis geliwwert huet, datt een eng lass an der Bëlz huet.

Feedforward heescht d'Zauberwuert; et beschreift d'Fäegkeet eng motoresch Handlung ze vollbréngen, déi zu der Aufgab passt, déi d'Gehir gesent huet. Wann een zum Beispill e Glas un de Mond eruféiere wëllt, da schätzt d'Gehir virdrun of, wéi schwéier d'Glas ass, wéi vill am Glas dran ass, wéi deng Hand dat Glas hale soll a mat wéi enger Vitess d'Glas beweegt muss ginn datt net gesabbelt gëtt. Mënschen déi Problemer mat dësem Feedforward hunn, sinn dacks intelligent, well se heefeg mat ganz anere Saache beschäftegt sinn a sech op méi wichteg Saache konzentréieren, wéi op de Fait datt dat Glas elo geschwë fir nei Flecke suergt.

Wat eist Gehir manner organiséiert ass, wat mir méi clever sinn. Et huet also näischt mat Geschécklechkeet ze di wann dir sabbelt, äert Gehir beschäftegt sech einfach léiwer mat méi wichtege Saache wéi d'Iessen.