Soutien: eng Fro vum Charakter

29.11.2018 - 06:20

© pixabay.com
Eng Fra, Expert a Saache Kierpersprooch, d'Patti Wood, wëllt wëssen wat et bedeit wéi eng Fra hire Soutien undeet.
29/11/2018 Soutien: eng Fro vum Charakter

Hei geet et net ëm Form oder Faarf mä ëm d'Manéier wéi d'Fra dat Stéck Ënnerwäsch undeet. An hirem Buch Snap: Making The Most of First Impressions, Body, Language, and Charisma mécht d'Patti den Ënnerscheed tëscht 4 verschidden Typpen; Supporter, heescht sou vill wéi Ënnerstëtzer, Driver, wëllt Leader heeschen, Influencer, also een deen Afloss huet, an Corrector, deen dee verbessert.

A wéi genee fënnt sech d'Fra bei deenen Tippen erëm? Wann dir, léif Fraen, äre Soutien mat den zwou Hänn hannen um Réck maacht, gehéiert dir zu de Supporter. Deemno géingen dës Fraen vill Wäert op Traditioun leeën, éischter konservativ awer hëllefsbereet.

Dann d'Fra déi Soutien vir zoumécht an dann no hannen dréint. Dem Patti Wood no wier een dann en Influencer; eng Persoun déi gären am Mëttelpunkt steet an oppe fir Neits ass.

Typ Nummer 3: De Soutien dee vir zougemaach gëtt. Huet Fra sou een un, wier se en Driver. Dat si Mënschen déi wësse wat se wëllen, schaffen effizient a leeë Wäert op Qualitéit.

An da bleift also nëmmen nach de Corrector. Dat si Persounen déi näischt dem Zoufall iwwerloossen an alles maache fir sech wuel ze fillen. Ee Corrector ass eng Fra déi hire Soutien fir d'éischt zoumécht an dann iwwert de Kapp zitt. Steet alles sou am Buch vum Patti Smith Snap: Making The Most of First Impressions, Body, Language, and Charisma.