Wellness mol anescht

04.12.2018 - 06:20

Bei Wellness denken déi mannst u Schlaangen, eng Bidde voll Béier oder eng Piscine voll mat Wäin. Sou domm et kléngt, et gi ganz speziell Wellness-Offeren.
04/12/2018 Wellness mol anescht

Zum Beispill am Bali Heritage Reflexology and Spa Wellnesscenter kritt ee lieweg Schlaangen op de Kierper geluecht. Keng gëfteger duerfir awer därer déi sech ëm de Kierper wéckelen. D'Schlaange kréie virun der Therapie hir Schnësser zougepecht, Déiereschützer ahoi, well bäisse kéinte se trotzdeem.

Oder wéi wär et mat enger Bidde voll Béier, net fir ze drénke mä fir dran ze bueden. Dat geet zu Karlsbad an Tschechien, do fënnt een hëlze Bidde voll mat Béier an deenen een entspane soll. Béier wier gutt fir d'Haut a géing d'Poren opmaachen. Prost.

Wein auf Bier oder wéi? Wisou net. Am Spa-Park Hakone Kowakien Yunessun zu Ninotaira a Japan kann een am roude Wäi schwammen. Kee Witz; eng Piscine voll mat roudem Wäin. An deem selwechte Park kann een awer och am Kaffi, gréngem Téi, Sake oder an der Ramen-Zopp schwammen.

Zu Roum am Rome Cavalieri, dat ass e Luxushotel, gëtt et richteg deier. Wie sech et leeschte kann, kritt eng Gesiichts- oder Kierpermask aus Kaviar. Virdeel wann een d'Fëscheeër gären huet, et kann een ëmmer nees naschelen.

An? Schonn de Kapp gerëselt? Et geet nach besser; zu London am Hari's Salon kann ee sech fir 130 Euro d'Hoer mat Sperma verwinne loossen. Jo dir hutt richteg héieren; Sperma. Sperma vun engem Angus-Stéier, dat wier immens gutt fir d'Hoer, eng Zort Viagra, riicht no näischt, Gott sei Dank.

Allez hop! Een hu mir nach. Exkrementer vun engem Villchen, net iergendee Villchen, vun der Nuechtegailchen gëtt am Diamond Hawaii Resort & Spa als Gesiichtsmask proposéiert. Resultat vun dëser besch..... Situatioun; e frëschen Teint a futtis Haut gëtt reparéiert.