Natierlech schéin a gesond Hoer; sou geet et

12.12.2018 - 06:40

© pixabay.com
Elo mol Shampoing a Conditioner kuerz vergiessen; seng Hoer kann een nämlech och duerch d'Ernärung fleegen.
12/12/2018 Natierlech schéin a gesond Hoer; sou geet et

Well deemno wat ee sou ësst, kënnt dat och den Hoer ze gutt. Ee vun de Wonnermëttel an der Lëscht vun den Iesssaachen déi anscheinend natierlech schéin a gesond Hoer garantéieren, heescht Papaya. D'Fruucht huet bal duebel sou vill Vitamin C wéi d'Orange oder d'Zitroun a kuerbelt d'Produktioun vu Kollagen un, dat mécht d'Hoer staark. En plus ass och nach e gudde Schotz Vitamin E an der Papaya wat d'Struktur vun den Hoer verbessert.

Hief, fir ze baken oder Béier ze maachen, mécht d'Hoer an och d'Haut schéin. Zoustänneg dofir sinn direkt e puer Zorte Vitamin B an Zénk. Sou Hief kann een drénken oder a Form vu Flacken an de Müsli oder d'Zalot maachen.

Eeër sinn och gutt fir d'Hoer, respektiv d'Eewäiss suergt fir staark Hoer. Veganer sollen op Lënsen an déi sougenannt Kirchererbsen, d'Pois chiches, setzen. Déi hëllefen de Protein fir d'Hoer ze bilden a reduzéieren de Schubber.

Donkelgréngt Geméis wéi Brokkoli, grénge Kabes oder Spinat ass voll mat Eisen, Vitamin C a Folsaier wat wichteg fir d'Erneierung vun den Zellen ass. Wann et d'Geméis réi ësst huet een nach méi dovun.

Protein ass och wichteg fir d'Hoer, Stéchwuert Keratin, dat besuergt ee sech duerch Fleesch, 2 mol d'Woch geet iwwregens duer fir d'Eewäiss ofzedecken. Vegetarier a Veganer kréien hire Protein duerch Seitan oder Tofu.

Manner Protein wéi beim Fleesch mä Austeren, Muschelen a Co. sinn och gutt fir d'Hoer. An de Krevetten a Scampie fënnt een déi meescht Mineralstoffer, Austeren a Muschelen hunn donieft och nach vill Eisen Opweises. Donieft léisst sech dat heiten Eewäiss besser verdauen.

Weider Liewensmëttel déi gesonden, natierlechen a staarken Hoer entgéint kommen, sinn de griicheschen Jughurt an Ueleg, keng Angscht och dat braucht dir net an d'Hoer ze schmieren.