Viva La Vulva

07.01.2019 - 06:40

© pixabay.com
Opgepasst de Sujet gëtt kriddeleg, obwuel gutt Fro, firwat eigentlech? Firwat gëtt méi labber iwwert dat männlecht Geschlecht wéi elo iwwert dat Weiblecht? Do gëtt et elo en Ëmdenken unhand vu Cupcakes a Moud.
07/01/2018 Viva la vulva

Iwwert Joerdausenden huet ee se verstoppt a si ware mat Schimmt verbonnen, obwuel déi meescht virun allem Männer se awer gäre kucken. Oder villäicht och grad dowéinst, wee weess, wat net gewise soll ginn, huet nach méi Attraktioun. Mir schwätze vun der Vagina, an déi feiert elo grouss, jo wéi soll ee soen - Visualitéit. Richteg op Cupcakes sinn se geformt, zwar bizar, mä bon! Dann a Form vu Posche kritt een se ze kafen an natierlech als Undeitung gesäit een se och en Masse a Musekvideoen. Et kann ee vum neien It-Piece schwätzen, dierf een der auslännescher Press gleewen. Natierlech ass d'Zil Provokatioun, Tabubroch an eben eng Verännerung vun eise Gewunnechten.

E Schal vun enger deierer Mark, rosa mat Pelz hat awer ze vill provozéiert an gouf aus dem Online-Shop erausgeholl, nodeems dee Schal, bei deem een de Kapp huet missten duerchstiechen, am Netz ferm op d'Schëpp geholl gi war. Huet schonns komesch ausgesinn, mä villäicht och just net gewinnt.

E Vagina-Musée wier dann an Aarbecht, d'Britin Florence Schechter war dach iwwerrascht dass et e Penis-Musée an Island gëtt, awer keen eenzegen op der Welt, dee sech mat der Geschicht, der Kultur an der Anatomie vun de weibleche Geschlechtsorganer befaasst. Dat wëll si elo änneren an elo sicht d'Madamm no enger passender Plaz fir hir Missioun an dat ass d'Stigmatiséierung vum weibleche Kierper op en Enn ze bréngen.

Zweiwel ginn et och nach ëmmer bei der korrekter Wiel beim Wuert fir d'Kand mam Numm ze nennen. Déi eng soe Vagin, Vagina, Vulva an da ginn et och natierlech Wieder wéi Mumu oder Mickey Mouse, well een awer net ze konkret wëll ginn.

Apropos Wuert: Schamlippen, dat soll aus dem Duden verschwannen, eng däitsch Journalistin stécht hannert dëser Petitioun..dat Wuert wier negativ duerch d'Wiertche Scham a kee bréicht sech wéinst sengem Geschlechtsdeel ze schummen. Och net falsch! Ma da muss vill geännert ginn wéi och Schambein, Schamhaare a Schambereich an dat da fir Fra a fir Mann.