Nei Sportaart: Bueden

11.01.2019 - 05:45

© pixabay.com
Hutt dir iech schonn eng Kéier d'Fro gestallt ob de Kierper och Kalorie verbrennt wa guer keng Aktivitéit virläit?
11/01/2019 Nei Sportaart: Bueden

Nee? Oder? Dach! An dat souguer ganz gemittlech an der Buedbidden. Kee Witz. Wëssenschaftler vun der Loughborough University a Groussbritannien hunn erausfonnt datt een an der Buedbidde genee sou vill Kalorië verbrauche kann, wéi wann een eng hallef Stonn spadséiere geet. Wien elo mengt datt an Zukunft en Tour mam Vëlo net méi néideg ass, muss elo schonn a senger Euphorie gebremst ginn. Ma trotzdeem, wann een et da richteg mécht, kann een an der Buedbidden uerdentlech Kalorie verbrauchen. Dofir muss d'Waasser awer op mannst 40 Grad waarm sinn an et muss ee sech eng gutt Stonn Zäit huelen, da géing de Kierper, wann et de Wëssenschaftler nogeet, ronn 130 Kalorië verbrauchen, an dat ass ongeféier souvill wéi eng hallef Stonn zu Fouss goen, éischter marschéieren. Dat waarmt Waasser bréngt eise Kierper nämlech un d'Schweessen, reegt de Stoffwiessel un an steigert den Energieverbrauch ëm ganzer 80 Prozent. Eng weider gutt Nouvelle fir d'Diabetiker; de Kierper schëtt duerch d'Wäermt speziell Proteinnen aus déi d'Zockermoleküller bannen an esou de Bluttzockerspigel erofsetzen. D'Fuerscher vun der Insel sinn zwar frou iwwer hir Aarbecht a fannen d'Resultater intressant, allerdéngs encouragéiere se d'Leit kierperlech aktiv ze sinn a Sport ze maachen, fir gesond ze bleiwen.